Saturday, August 17, 2013

Eng deck geklauten Prime bei der Ackerbauverwaltung ass eng kleng Zomm, déi enorm ass fir zréck ze bezuelen (1)

    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Beamten vun 
    der Ackerbauverwaltung dien epps Kléngs mat heem hëlt fir seng 
    Fra. Photo ET

Eng deck geklauten Prime bei der Ackerbauverwaltung ass eng kleng Zomm, déi  enorm ass fir zréck ze bezuelen (1)

D' Ackerbauverwaltung ass huel an der Rommel,
Do verschwätzt sech jo een, eng Bei wär eng Bommel.
Eng kleng Zomm wär enorm fir zréck ze bezuelen,
Zemol wann se engem den Subsid och nach huelen.

Dir kennt d' Geschicht, vum Mann an der Agrikultur,
Senger Bauerefra goung den Betrib nit duer.
Hien sot: "Ma Ketty Ech maachen Dir dat an d' Rei,
Ech verschafen Dir een Subsid nieft menger Pei."

"Ma Metty wéi soll dat, Ech bauen jo näischt un?"
"Dat mécht näischt, Ech sëtzen jo do wéi d' Méck um Krunn.
Wann meng Fra näischt kréich, dat wär dach fir ze laachen,
All d' Maschinnen déi ' s De brauchs fir näischt ze maachen!"

"Mir man ganz einfach ee Betrib um Pabeier,
Keen Hännes op der Genn an och keng Scheier,
Keen Maehdrescher, keen Mëschtspreeder an och keen Plou,
Keen Trakter, keng  Éig, keen Héngerjuck, Päerd a Kou."

"Du gëss ganz einfach puer Hektar vun Farmville (2) un,
Ech man mäin Stempel drop, dann kréint keen Hunn dervun!
Wann een enges Daags een Problem wëll bauen,
Soen Ech, Du wäers dach menger Fra kënnen trauen."

"Amplaz den Karschnatz ginn mir mam Wort op d'  Croisière."
"O Metty" sot d' Ketty, "mir ginn op d' Cannebière,
Buffet am Sieschter an Zänner, do ass epps lass."
"Jo mäin Schof, Ech sinn jo nit vum Lämmes gebass."

Mee enges Daags koum eppes an den Stall geschlach,
Wëll  awer keng Kou do war gouf och keng gestrach.
Dunn koumen d' Läit hien sichen wéint der Gaunerei.
T' hat keen Schwäin eppes gesinn vun der Sauerei !

"Dräihonnert fofzeg Mille, am Fong geholl eng ganz kleng Zomm,
Déi ass zwar enorm", sot den ASTA (3) Agronom.
"Wann hien muss zréck bezuelen, hien gouf jo erwëscht,
Ee Gléck t'gëtt keng  laang Lëscht, vun nach méi dëser Mëscht."

"Dien Mann vun deem mer schwätzen gouf direkt versat,
Vun engem Trach an dien selwechten an der Stad.
Hien ass elo Chef fir déi aner ze léieren,
Wéi een vergläicht zwëschen Ochsen an Stéieren."

Sou sot den Agronom ouni ze tuddelen,
Wéi ass hien sécher dat déi aner nit fuddelen?
Mir sinn jo awer keng vun Hee an Stréi,
Wou een fuddelt sinn der bekanntlech nach méi.

(1) Dat ass dien längsten Titel dien den Péckvillchen jee hat.
(2) Farmville, dat Spill op Facebook wat ëmmer een mir schéckt! Halt op dermat!
(3) Administration des Services techniques de l'Agriculture ASTA


No comments:

Post a Comment