Thursday, January 3, 2013

T' ass Neit Joer an den Juncker dien ass erëm do!


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass den "Consolidatrix Afflictorum" 
beim consolidéieren. Photo ET


T' ass Neit Joer an den Juncker dien ass erëm do!
Op RTL beäntwert hien keng enzeg Fro.
Dann  gëtt hien dem Wort een Interwiu
A schléit dat platt wéi ee platten Su.

Am Ausland huet hien een nei Wuert geléiert,
Hien gebraucht iwwerall "consolidéiert".
Gespuert, gelunn, verschass an investéiert,
D' Litanei sengt sech elo mat "consolidéiert".

Wéi ass et mam Budget? Consolidéiert!
Wéi ass et mam Index? Consolidéiert !
Léiwéng an Cargolux? Consolidéiert!
Deontologie' s Code ? Consolidéiert!

Wien et laang huet dien léisst et laang hänken,
Eis Regierung dréckt sech op den Bänken.
Wann een alles laang genuch leien léisst
Consolidéiert et sech, Problem geléist.

D' Cargolux mécht dann eben demi-tour,
Den Frieden hat se jo bal futti gefuer.
D' Jacobs léisst sech heemlech am Urwald feieren,
Consolidéiert mat eisen Steieren.

Den Bashar-al-Assad ass alles sat,
Den Ass-el-Born huet deem schéin d' Flemm gemat.
Syrien gëtt elo consolidéiert
Wann Lëtzebuerg d' Grande Region annexéiert.

Merkel, Hollande,Europa sinn wéi dervun.
Sie duechten den Juncker bleift, hien hätt gelunn,
Mir tréischten se, well laut sengem neien Numm
Ass hien d' Consolidatrix Afflictorum.

Sunday, December 16, 2012

De Péckvillchen krut den CD geknackt!!


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Agent 
vum MI6 mat Mikroen ëm d' Aen. Photo: Geheimarchiv ET


De Péckvillchen krut den CD geknackt!!


Mille Nondikass,
Beim Juncker ass epps lass!
Am Juncker seng Haascht kennt de Mille geschlach,
Eng schwéier Guckucks Auer um Arem.
De Mille huet getaascht am däischteren Lach,
T' war schwaarz wei am Däiwel sengem Daarem.

Mille Nondikass,
Dann so mer wien's De bass!
Sou sot den Juncker hannert dem Spigel.
O Meeschter, Ech sinn den Null, Null Dausend:
Alles wat mir hei soen bleift ënner Sigel.
Sot den Mille, seng Paréck voller Krauslen.

Mille Nondikass,
Wann dat dann alt esou ass.
Well den Péckvillchen setzt op der Lauer,
Bis elo hat keen epps an Uecht geholl.
Hien ass den Guckuck an der Guckucksauer
Vun deem den Juncker jo näischt wëssen soll.

Mille Nondikass,
An hei ass den Beschass:
Den Mille seet den  "Duddelutt"(1) hätt epps bruecht,
Een eidelen CD, dien wär zwar voll !
Sie géingen all drun schaffen bis an d' Nuecht,
A keen hätt zënter zwéin Deeg Congé geholl.

Mille Nondikass,
Dem Juncker feelt den Bass.
Den Büro ass méi schwaarz wéi d' CSV,
Jojo, hm, oeh, seet den Juncker, jojo,
An en dämpt dobäi wéi den Kohlenklau,
Ma nee jo  dach, dat kéim jo nit a Fro !

Mille Nondikass,
Et gëtt ëmmer méi krass.
Vun der Kathedral laut et Hallefnuecht,
Eng Dir quiitscht, d' Matahari kennt eran,
Ouni Hari, t' huet just een Dossier bruecht,
Do stinn d' Nimm vun den Bommeleerten dran.

Mille Nondikass,
dat Meedchen do huet Klass.
Den Null, Null, Dausend kennt eppes dervun,
Dat ass eent vum "Duddelutt" aus Thailand.
Jojo, ma nee, dach, sot den Juncker dunn,
Dat Meedchen do dat kann schonn allerhand.

Mille Nondikass
Wann dat doten wouer ass!
Jojo, dach, sou soen Se am Emm Ei Sechs,
Fir eis geet hat manipuléieren,
Null, Null, Dausend, Du denks direkt un Sex,
T' ass awer geheim, do muss een léien!

Mille Nondikass,
Dien CD gëtt zerrass !
T' kritt keen en op, souguer nit mam Hummer.
Jojo, Mm-Hmm, ee richtgen Coffre-fort.
Mir soen einfach t' war eng falsch Nummer,
Du waars jo selwer domadder d' Accord

Mille Nondikass,
Et ass alt wéi et ass.
De Péckvillchen an der Guckucks Auer,
Kann nit méi, vun Laachen pisst en an d' Box
O nee, wat sinn dat do zwéin Schlauer,
Déi verbraddelen nach den Kryptovox.

Mille Nondikass,
Ma kuckt dach wat do drop ass!
Zum engen weess den Jean-Claude dach wat en sot,
Zum aneren steet den Code jo grouss drop:
9IW-O77VH: 3WVS3S, hätt Dir de Péckvillchen dach gefrot!
Dien hätt gesot, ma liest dat op der Kopp!

 (1) "Duddelutt" ass de brouillage vun der BBC am Krich während "Ici Londres, Halt en den Bass".



Thursday, December 6, 2012

James Bond 007 an een Halwen


Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, dat ass ee Storch dien no 
enger Schwéier Gebuert am Dreck wullt. Photo ET.

James Bond 007 an een Halwen


Léiwen Jean-Claude lauschter,
Bréng der KPL ee Klauschter.
Hannert dem Bam luusst den Mille,
Hien glëscht Gréngs, no eisem Camille!

D' Auer geet eis op de Wecker,
5 fir 12 sot den Becker.
T' ass voller Niwwel, t' gëtt gelunn,
A wuer ass d' Cargolux geflunn?

Do jäitzen DP an ADR,
"Transparenz am SLER!"
Zu Lëtzebuerg kënnt all James Bond,
Mam beschten Wëllen op den Hond.

Den Jean-Claude zerwéiert Kabes,
Iwwert den Mille an den Abbes.
Stonnelaang an et gëtt keen midd,
Obschonn se soen, "wat dien rëm litt!"

Tuesday, October 2, 2012

Allo Jean-Marie, Ech kréien elo een iPhone 5 mat iDiwwi !


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, eng hondsgewéinlech Bréif 
Dauf, och nach iPhone 1 genannt. Photo ET


iPhone ass iPhone, mee d' Kett ass just d' Kett,
Dien hei geet léiwer mam iPhone an d' Bett.
Dien neitsten Modell ass formidabel,
Mäin huet den iDiwwi ouni Kabel.

Jean-Marie, Du verstees jo epps vun Apps,
Mat iDiwwi verléiers Du keng Drëps,
Wanns Du dreems an Du hues keen Block bei hand,
Fir matzeschreiwen, mat an ouni Rand.

iDiwwi sinn Sensoren am Pillem,
Hues De keng Schreif, dann ass dat nit sou schlëmm,
Den iDiwwi hëlt op, am Toun a Bild,
A spéider gëtt alles erëm zréck gespillt.

Huel emol un, Du schells bei mir am Kapp,
Dat bréngt mäin iDiwwi direkt op Trapp,
Mäin Printer schreift och mat an pdf,
Mäin DVR hëlt eis op um teleph.

iDiwwi speichert och alles am Cloud,
Do ass keen Cloudchen dien der dat klaut.
Do kënnt keen drun esouguer keen Hacker,
An ouni Kabel brauch een keen Stecker.

T' geet och alles direkt op d' Schreifmaschinn,
Da kanns De der Police eng Kopie ginn
Den iDiwwi ass een Dram vun Geschir
Kaf een, Du hues jo een Budget duerfir.



Saturday, August 18, 2012

Den Yves gonnt dem Cam keen Beki!


Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, et ass een Anhinga, tenant en son bec een Bekileck. 
Photo ET


Den Yves gonnt dem Cam keen Beki!
Text am originellen Biekericher.

Dem Camille seng Beki Iddi war knapps gebuer,
Schonn granzt den Yves den Beki hätt neescht hei verluer.
Hien seet "den Beki verstéisst géint all Regelmäent,
Ech laachen mech freckt, wann der d' Fangeren verbrennt."

"Ech an d' Zentralbank kennen nëmmen den Euro.
Däer wësst dach, zu Fraunkfert, do setzen Ech jo,
Fir dat gaunzt Geschir iewer Waasser ze halen,
Dann kommen déi do Ees mam Beki  iewerfaalen."

"Den Euro gaunz eleng ersetzt den Sou mam Lach.
Den Beki nieft dem Euro ass neescht am Verglach!
Et kaun äen en nemmen am Kauntoun gebroochen,
Mee am Rescht vum Laund waert en Iech d' Haund verstoochen."

"Et duurf nit sinn dass d' Leit den Beki léiwer hunn,
An dass den Euro besser wier, dat wier gelunn.
An gëtt äen boost dem Kauntoun mam Beki erwëscht,
Dann ginn déi beschlagnahmt an t' gäet direkt an d' Këscht."

Camille, géi schwëtz mat dem Aareler Laund a Sprooch,
Déi woulten  jo ëmmer schonn bei den Groussherzog.
Zu Diddeburg gäet käen den Beki verbidden.
De'i hunn genuch ënnert dem Euro gelidden.

An zu Arel op der Knippchen sinn se dann frou,
Déi kafen Ees eng Kou an äen Kauleff derzou.
Mam Beki ass zu Arel bestëmmt gutt kafen,
Da brooch och käen méi op Lëtzebuerg ze lafen.







Tuesday, July 31, 2012

Wéi grouss muss een eigentlech sinn, fir Haut Commissaire ze ginn?


Ass dat do een Péckvillchen? Ma nee, dat ass den Haut 
Commissaire Ardea Herodias. Photo ET

Wësst Dir iwwerhaapt wéi grouss een muss sinn,
Wann een Haut Commissaire zu Lëtzebuerg wëllt ginn?
Fir Commissaire geet een Meter siwwenzeg duer,
Fir Haut Commissaire feelen der dann awer puer.

Ass een ze kuerz, dann muss déi Saach anescht lafen,
Et kann een sech keng extra Zentimeteren kafen,
Mee wann den Papp een Meter achtzeg war,
Dann ass dat gutt fir säin Jong, wëll den Papp et jo war.

Trotzdem, an der Zäit war d'Protection Nationale fir Kollllonellllen,
Dat ass deen Arméisgrad mat den villen Ellen.
No den Hären Welfring, Lenz an Bombardellllla ,
Huelt dach einfach den Ries (1) erëm aus dem Keller.

Den Ries ass wéi de Numm et seet grad grouss genuch,
Lued hin an, gitt Iech eens iwwer Kaffi a Kuch,
Hien wär een groussen Commissaire, wéi den de Gaulle,
An dann gitt Dir hin an maacht hien och Generol.

Wann Dir awer um Papp sengem Jong insistéiert,
well den Kollllonellll Ries d' Leit zevill stéiert,
Dann suergt awer fir dat de Jong een Képi kritt,
Fir dat hien awer prett ass, wann eppes geschitt.


Sunday, July 29, 2012

Alles wat schief hängt, hängt zesummen


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Gréngen Heron 
dien an den Seeler hängt. Photo: ET St. Petersburg.

Wéi Dir schonn wësst, den Péckvillchen kann reimen,
Ouni ze vill Effort an ouni ze keimen
An grad esou gär hëlleft hien fir dem Reimen,
Bei Cargolux säin Remplacement ze timen.

Et wär elo d' Zäit fir epps rëm gutt ze maachen,
An dat ass dem Péckvillchen nit fir ze laachen.
Hien wollt nämlech den Finck als Chef bei der Luxair,
An d' Plaz kruten mer dunn awer den HelmingAir.

T' ass kloer dien Finck versteet eppes vum Fléien.
An dann geet et duer  d' Gewerkschaft ze beléien.
Mam Qatar géing hien Boeing Dream Liners kafen.
Dien Dram vun Kandidat bréngt d' Saach rëm un d' Lafen.

An den Qatar keeft zweehonnert Leoparden (1),
Ob d' Schlecks derbäi sinn muss een elo nach waarden.
Mee  wann dat doten alles schéin no Plang verleeft,
Dann wëssen mir schonn wien d' nächst Joer d' Spuerkeess keeft.