Saturday, January 8, 2011

Eng Kolonn Colonellen


Et wor eemol een Grenadéier,

An Colonel gouf hien genannt.

Hien war also een déckegt Déier,

A war a Stad a Land bekannt.


Mais voilà, de Schiltz, säin Minister,

Huet näischt vun der Arméi kannt.

Hien sot dien Zaldot ass ze sinister,

Op Helleg Geescht gëtt hien verbannt.


De Minister koum schlau vun hannen,

Huet eng Fal an eng Reform geschlach,

Sou konnt hien de Ries iwwerwannen,

A späert hien an eent däischtert Lach.


De Colonel ass een dien guer nit fäert,

Hien baupst op, dat geet jo net!

Här Riichter Ech hätt dien gär ergäert,

Oder léinen Ech Iech mäin Bajonett?


D' ganzt Land kuckt an hält den Otem un

d' Operatioun Afghanistan,

wien hëlt sech dann deeër elo un,

wann mir heiheem Kuddelmuddel man?


Keng Angscht léif Leit dat wäert schonn goen,

Mir hunn jo een neien Minister.

Dien schéngt jo och schonn ze verstoen,

wat mir dann lo do maachen missten.


Hien sot Ech brauch zwéin Kommandanten,

een dien den Krich an Asien wënnt,

An dann nach een als Gesandten,

Wann Neibelgien un Lëtzebuerg kënnt.


Mir marschéieren elo op zwou Kolonnen,

Chasseur Ardennais an Sherpa.

Ass den Krich dann endlech gewonnen,

Kënnt een neien Kommando op Spa.

No comments:

Post a Comment