Wednesday, May 5, 2010

D' Ballade vun de Fënnef Fangeren.

Oder: Den décken Daum um Index.

Aus dem Franséischen iwwersat vum E.T.

De klengen Fanger sot: "Voilà, eng Rezessioun!
Mengt net een Auriculaire wär do frustréiert!
Pas du tout, an Ech ginn Iech hei eng kleng Lektioun,
Wéi een esou eng Mésaventure kuréiert.
Mat ganz vill doigté gëtt elo hei manövréiert,
D' Discussiounen ginn ganz einfach pasteuriséiert.
Fini de cache-cache dien eis paralyséiert:
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!"

"D' Fangeren ewech vum Index, guer keng Concessioun!"
Soten d' Syndicat'ën, déi ganz ongenéiert
Menacéiert hunn mat enger Demonstratioun,
Frech de Mëttelfanger exhibitionnéiert,
An mat deem béisen Fanger d' ganzt Land beléiert.
An well d' Patronat jo och kee Fanger réiert,
Sinn d' Forces vives de la Nation ganz bouleverséiert.
Den décken Daum um Index gëtt ageféiert!

An leschter Minutt fënnt sech eng Solutioun:
De Juncker kënnt spéit heem an offeréiert
Eng Issue surprise, déi kascht kee Spoun!
Aus dem Arem gerëselt huet hien proposéiert:
Den freien Transport fir all gëtt garantéiert.
D' Griichen hätten dien Projet subventionéiert.
Mir hunn alt erëm fir näischt demonstréiert!
Den décken Daum um Index gëtt suppriméiert!

Den Annulaire houscht lues an ganz distinguéiert,
"Keng nei taxe gëtt op mengem bijou levéiert?
Dat hätt mech och terriblement dérangéiert!"
Daum an Index sinn béid exkommunizéiert!

Thursday, April 15, 2010

Sunday, April 11, 2010

D' Gëlle Fra Schéckt Schéin Gréiss vun Shanghai

D' Gëlle Fla Schéckt Schéin Gléiss vun Shanghai

Aus dem Lëtzebuergeschen op Chinesesch iwwersat vum E.T.



O Mam, O Mam dat do war eng laang Rees,
Dat Éischt wat Ech héieren war een Chinees.
"Ni Hau Tsu Shanghai!" Nee wanns De nit gees,
Komm heihin mäi Jong, Ech ginn Dir eng Bees.

Also Tse Tsielen hunn Ech eng ganz Mass,
Déi Flansousen haten schonn eppes lass,
Esou eng Kur kann Ech Nëm-Men roden,
Dir sidd nei vum Kapp bis op d' Broden.

Hei an do esou ee klenge Lifting,
Meng déck Zéiw krut een neien Casting,
An dunn gouf Ech iwwelall masséiert,
De ganzen Kierper mat Gold couvréiert.

Vun do un war et mir nit een Dunn,
Glat näischt wat Ech hei soen ass gelunn.
Séi hunn mech flang op de Réck geluecht
An dunn hunn séi ganz déck Ficellen bruecht.

Ech hu geruff "Wëllem op Dengem Päerd,
Komm schnell an hëllef, well Deng Frächen fäert!"
Do schleefen séi eng Këscht erbäi zu drëtt,
Do steet drop: "Dir nennt et, mir Mécken et." (1)

O Wëllem, dat do huet mir nach gefeelt,
Déi dräi hunn mech an d' Hol-Tsen Këscht geneelt.
Do gung d' Liicht aus bis op Shanghai,
An lo stinn Ech hei mam Réck Tsum Gebai.

D' Gebai ass eng raschteg Kapell mat engem Bockel,
Virdrun stinn Ech op deem klenge Sockel .
Keen sou en Stol-Tse Sockel wéi doheem,
An als Kapell ass d' Kathedral méi bequem.

Mengt awer nit Ech wëllt mech bekloen,
Am Contraire, Ech héieren d' Leit hei soen,
Ech wär dat Flottst hei vun der Ausstellung,
Sou sot een an der lokaler Tsei-Tung.

Ech sinn do ganz deem selwechten Avis,
D' Dänin ass hallef Ham, hallef Sushi,
Voll Sprenzen wéi meng Nopesch d' Melusina,
Sou eppes schéckt een dach nit a China.

D' Flansousen schéngt et, schécken d' Marianne,
D' gutt Meedchen mécht alt wat et kann.
An haalt Iech un, d' Belsch de Mao-Ne-Ken Pis,
Da kënnt d' Héichwaasser bis bei mech op d' Wiss.

A, jo, do war et ee Moment penibel,
D' Chineesen sinn bekanntlech sensibel.
Et koum een dien huet mech richteg verhéiert,
Et huet epps mam Korea Krich gestéiert.

Et gouf nach ni ee Lëtzebuerger Diplomat ,
Dien esou ee Problem Tse léisen hat.
Ech sot "mir waren op der richteger Säit."
"A, mat eis" hunn d' Chineesen sech gefreet.

Soss hunn Ech mech alt schonn gutt agelieft,
De chineseschen Accent ass eppes wat klieft.
Fäert awer nit Ech géing verlaangelen,
Ech gesinn jo dien een oder anlen.

Ewell déi Iddi vum Stong geet an d' Lei,
Mir haten jo glad ee Visiteur hei,
D' lescht Woch koum de Jang zesummen mam Yang,
D' Lees bis op Shanghai kascht och Iech kee Flang.

(1) Frei op Chinesesch iwwersat vum Cargolux Engleschen "You name it, we fly it".

Monday, March 22, 2010

Lëtzebuerg krut den Stoffi vum GAFI.


Hutt Dir déi schonn héieren vum GAFI (1),

Déi man eis Esseg an den Kaffi!

Lëtzebuerg wär eng schéin Schwéngerei,

Soen déi, well et wär eng Wäscherei.


Frot Dir no allen Säi-äi-ten hin,

Jänni a Männi kennt déi Wäschmaschinn.

De belschen Zänndokter bréngt schwaarzt Geld,

D' Selwecht mécht all Näischnotz op der Welt.


D' Lëtzebuerger sinn Expert 'en ginn,

Als Mecano vun der Wäschmaschinn.

Jersey, Guernsey oder d'BVI,

kommen als Geschir bei den Secret dobäi.


Dee Koup Suen ass eng Knupp an der Luucht,

Milliarden sinn op deeër Knupp gespuert.

Frot Dir no allen Säi-äi-ten hin,

Mir wëllen keng Schmëlzerten méi sinn.


D' Noperen déi soen "eis Suen ginn friem."

Dat wär den Lëtzebuerger sou bequem.

Wann mir eis Scheewercher nit behalen,

Sou séier léisst keen seng Steieren falen.


Fir d' Éischt gëtt um Secret bancaire gerappt,

Dann kënnt de GAFI dien op d' Fangeren klappt.

Dien koum mat Recommandatiounen,

Néng a véierzeg deck Kanounen!


O GAFI hal dach deng Lektiounen!

Mir furen virun mat den Milliounen.

Enges Daags sot Dir nach Merci duerfir!

Also fir haut, kiert virun Ärer Dir.


De GAFI sot dat do ass kriminell,

Fuert esou weider dann kommt Der an t' Hell.

Do hëllefen d' Amerikaner,

D' Fransousen an nach ee puer aner.


Déi hunn eng ganz nei Waff erfonnt,

Well haut keen méi deem aneren epps gonnt.

Dat gëtt Justizparadies genannt,

Dier hutt Iech an eng Sack Gaass verrannt.


Iech ass nit ze hëllefen, mat näischt,

De Juncker spillt béis, de Frieden kräischt.

D' Preisen kafen séier een CD,

D' Fransousen sinn och alt do derbäi.


Wann der Däiwel d' Kou huet seet ee Sproch,

Da gitt him roueg d' Källefchen och.

A geet d' Finanzplaatz mol an de Broch,

Geet et de Banken wéi Villeroy Loch.

(1) http://www.fatf-gafi.org/dataoecd/40/7/44655591.pdf

Wednesday, February 24, 2010

Gëlle Fra géi nit a China















Aus dem Lëtzebuergeschen op Chinesesch iwwersat vum E.T.

Meng léif Frae-Chen Géi net a China,
Wéint der Ping Peng Carabina,
Et Jiu Jitzt, Mee dat et Spritzt,
Hänn a Bäich Ginn opgeschlitzt.

Et Stong Schon gëschter an der Tsei Tung,
Ech Fë-Shen Séi jiust aus der Hei Tsung,
Do Son Séi, Séi ging Lo Op Shanghai,
Dann hun Mir d' Schéint Mee-Tchen Nim Méi Hei.

Ech Klam-Men séier an Mäin Pal Tong,
Quë-Tschen t'Tséi-Wen a Meng Son des Shong.
Da Si-Chen Ech no Me-Ngen Hen Shen,
A Flang Sang-En Ech Hir ee Staenn Chen.

Oh Du Déi Sou Schéin um Sockel stoung,
Séi Plën-Neren Dech Wéi ee Schnu Del Hong!
An Lo Hun Ech Schonn genuch Ge Song,
De'i ganz Schmot Schléit Eng-Em Schéin op d' Long.

D' Mee-Tchen steet alt do hallef Pla-keg.
Bei deeër Keelt dat haelt ee Waa-kreg.
D'Leit Ko-Men alt nach Eng Ker Wén-Ken,
D' Mee-Tchen Steet an der Sonn Tse Blén-Ken.

Hei Kou-Men den Jungs Lee an de Jang,
De La Me Shen Fern, de Ben Flam Mang,
Den Don Han Sen an Den Den Nis Thein,
De Jang Tsei Met an de Jem Pi Klein.

D' Leit sinn Fuk Kuk Ken traureg wéi Eng Gei,
Dun Koum den Hei Elei, Kuck Elei,
Wu Hir, Séi Fil-Men wann Séi Pa Ken
D' Tréinen La Fen Eng Em laanscht d' Ba Ken.

Déi Wäit Jo Eng Tonn Ou Ni Ge Tsei.
Déi Pa Ker Ten do Ver di Ngen hir Pei.
Dang Dang, d' Këscht Ge-Neelt, Dat Ass am Fong,
Wat Ee Muss Hunn Fir bis op Hong Kong.

D'Finn sot Tsum Trinn Ech hätt Gaer ee Stong,
De Jang sot, Ech Hat Dat op Der Tsong,
All Lëtzebuerger kritt Lo ee Bong,
Fir eng gratis Rees bis op Hong Kong.

Jenni a Menni raumt säin Ti-Rang,
All Renmimbi an den leschte Frang.
Alles gepaakt an d' Turn Shlap Pen nei,
Sin S'um Wee bei d' Mee-Tchen Fu Shanghai.

Den Hu zaapt Hin Nen Tsing Tao Béier,
Mee all Hunn Se'i Dikkricher léiwer.
Mir wëlle Yo Blei We Wok Mir sinn,
Mir wëlle Yo Keng Chinesen Ginn.

Saturday, February 13, 2010

Eis Tripartite déi huet dräi Ecken


Oder: d' Allegorie vum Gorilla.





Eis Tripartite de' huet dräi Ecken,

Dräi Ecken huet eis Tripartite.

An hätt séi keng dräi Ecken,

Da wär et jo keng Tripartite.


Um ieweschten Eck sëtzt d' Regierung,

An do seet keen ee Pippcheswuert!

Wien d' éischt schwëtzt an der Féierung,

Gleeft mir, huet säin lescht Ee geluet.


Do sëtzen séi wéi ee Stëmmchen,

A kucken op de lénken Eck.

Een dréint sech eng kleng Fëmmchen,

A mécht Damp ewéi ee Geck.


D' Gewerkschaft déi houscht um lénken Eck,

Dien Damp an den Aen mécht ee blann,

A kéimt Dir gär hei vum Fleck,

Da gitt eis fir d' éischt eng Banann.


Méi verdéngen a manner schaffen,

Den Index an Acquis Social,

Do loosse mär eis näischt drop praffen.

A mär schwëtzen do fir eis all.


Um rietsen Eck do schléift d' Patronat.

Déi hunn näischt héieren, déi sinn daf.

Mee eng Léisung hunn séi parat:

Déi huelen guer näischt hei a Kaf.


Sot Dir " I love my freien Sonndeg,

An "d' gëtt alles vill méi deier",

Huelt dann léiwer een Dikkrich,

Well hei héiert keen déi Leier.


Sangt dann I love my freien Méindeg,

An Dënschdeg an alles wat nach.

Mir man zou, an man eis ewech,

Mir plënneren dann op Mettlach.


Ee Gorilla koum do senger Wee,

A lauschtert sech dat ganzt do un.

Dunn sot hien Nujee, nujee,

Wéi goung déi ganzen Streit hei un?


De Stëmmchen weist do op de Blannen.

"War et de Blannen?" sot den Af.

"Nee, hei riets kënnt Der dien fannen.

Keen héiert do, déi sinn all daf!"


O Mamm sot den Af dunn, t' ass zevill,

Ee Stëmmchen, een daf, an een blann,

Ech wousst d' läit an der Famill,

Loosst mech mol weisen wat Ech kann.


De Gorilla sëtzt sech voller Eescht,

A seet: "kommt mir maachen einfach näischt!"

Do sëtzt de Seet-Näischt, de Gesäit-Näischt,

Den Héiert-Näischt an de Mécht-Näischt.


Normalerweis sinn dat dräi Afen,

Mam Mécht-Näischt mécht dat der véier.

Kuckt wéi séi akafen lafen,

Ee Stull fir dat véiert Déier.


D' Regierung kuckt ee bësse rosen,

Keen brauch een Af fir ze streiden.

Wann hien mengt hien kënnt eis et blosen?

Keen léiert eis Grimassen schneiden!


Eng Tripartite hält een sou em d' Fuesent,

Do sinn déi véier schéin verkleet,

Dien een dien gaapst, dien aneren pennt,

Een dämpt, de Gorilla mécht sech breet..


D' Tripartite huet lo véier Ecken,

Véier Ecken huet eis Tripartite.

An hätt séi keng véier Ecken,

Da wär et nit eis Tripartite.