D’ Redaktioun
vum Péckvillchen iwwerhëlt seng zivil Verantwortung fir de wëllen Wieler besser
z’ informéieren.
Den koum do mat dem Arm an der Schleng,
Et waren nit déi
Blo, déi Roud, oder déi Gréng,
Nee sot hien, heiansdo
schléit een mat dem Dësch op d’ Fauscht,
An dunn hunn Ech mer dommer weis d’ Handgelenk verstaucht.
Denav sot “deen
do schléit gären vun uewen op den Dësch,
Vun ënnen erop ass
besser, soss kritt een den Wësch.
An duerfir hunn
Ech vill léiwer eng Tripartite,
Deen vun uewen mam Hummer, deem sinn d’ Leit lo midd.”
“Et fänkt een keng Méck mat Esseg, mee mat Hunneg,
An hunn Ech fënnef Milliarden, kritt jiddereen eng Wunnecht.
Am Feierwon gouf et jo schéin auserneen geluecht,
Jo, dat hunn Ech an all deenen Joren fäerdeg bruecht!”
Denwellt zwar meng Plaz, mee kuckt op d’ Plakater,
Verzweifelt kuckt hien aus dem Tischört vum Qatar.
Beim Giorgetti hat hien Bolognaise gekacht,
Mee d’ Paulette hat him d’ Soirée giedlech verbracht!”
D’ Paulette sot, “op esou eent Iessen ginn Ech nit,
Well een vun sengen Bouletten den Schësser kritt.”
D’Sam Tanson sot, “ ääh, Fleesch” an ass séier fortgelaf.
Dann awer léiwer eng Nutellas Schmier beim Xav.
Seng Qinneqlech Altesse den Emir selwer sot,
“Péckvillchen hal d’Maul, den Luq ass eisen Zaldot,
Den Luq muss wannen fir dass d’ Moschee am Duerf bleift !
An laut eisem Gesetz een demütegt Dasein dreift.”
Deen wëllen Wieler wäert wuel wonnerbar wielen,
Dann bleift just een op deen den Qatar kann zielen.
All déi aner ginn mam Xav an eng Tripartite,
Sou dat een dat Dengen schonn geschaukelt krit.
D’ Redaktioun vum Péckvillchen frot am Land erëm,
Den Xav ass deen beléiftsten, all wéilten hien als Eedem.
D’ Leit soen “ frot Dir no allen Sai-aiten hin,
Den Giorgetti soll nit kataresch ginn.”