Friday, January 29, 2016

Léiwer d’ Melusina an der Këscht, wéi den Rohani op der schwaarzer Lëscht!


Ass dat do den Péckvillchen?

Nee, mee et ass saïn neien Iraneschen Frënd.

Photo ET
























Léiwer d’ Melusina an der Këscht, wéi den Rohani op der schwaarzer Lëscht!

Nuets, heemlech an der Däischtert mat den Aen verbonn,
Koum den Rohani vun Paräis, zu spéider Stonn.
Hien wollt just bei Clearstream no den Konten kucken,
Ouni op d’ plakeg Melusina ze balucken.

Den Bettel sot hien géif der Plakeger een Schal,
Mee dat oder eng Drëpp war dem Rohani egal,
An dann wollt hien nach seng nei Milliarden gesinn,
An frot op et nach Cargolux Zigaretten ginn.

Lo setzen mer d’ kataresch Banken virun d’ Dir,
D’ BIL gëtt Bank Melli, mer war’n ëmmer derfir!
An dann gëtt Hezbollah mol richteg ënnerstëtzt,
Nit wéi den Katar dien zu Gaza um Hamas sëtzt.

Mat Lëtzebuerg ass bis lo alles gutt gelaf,
Den Jang war souguer op dem Khomeini saïn Graf,
D’ Aennchen mam Mars huet sou modeste den Wuel gedron,
Dass mir elo kënnen no Kéip Pistachen froen.






No comments:

Post a Comment