Wednesday, January 20, 2016

Den Luc Frieden am Interview mam Péckvillchen.


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ech fäerten eppes do ze soen. Photo ET























Den Luc Frieden am Interview mam Péckvillchen.

Den Luc huet een Buch, “Mein Kapital” geschriwwen,
Den Péckvillchen sot, “do ass näischt iwwerdriwwen,
Wann den Luc wëll d’ Promotioun vun deem Wierk hei man,
Reng ethesch gesinn sinn do keng Virwërf dran!”

“Jawoll!” sot den Luc, “Ech hunn dat laang iwwerluecht,
Fir do nee ze soen hunn Ech net fäerdeg bruecht.
Ech sinn frou den Péckvillchen hei ze besichen,
An d’ Redaktioun ze gesinn, an och seng Kichen.”

“Här Chairman, ‘Mein Kapital’ schwëtzt iwwert d’ Kuelen,
Am Wiseler den wëllen Wieler wechzehuelen.
Dir sot Europa bräicht elo fënnef Nullen,
Wann nit, dann wär et geschwënn eng Kaz fir d’ Vullen?”

“Jawoll, domat huet den Péckvillchen alt rëm Recht,
Den Lëtzebuerger ouni mech geet et ganz schlecht.
D’ Land brauch eisen Catareschen Suen Veräin,
An awer och d’ Deutsche Bank, soss spuert jo keen Schwäin.”

“Am Katar soen se wou ass d’ Oppositioun?
Déi kënnen jo näischt, Du muss rëm zréck an Aktioun!
T’ heescht zwar: Mir mussen déi knaschteg Aarbecht maachen,
“Mein Kapital” ze schreiwen war och nit fir ze laachen.”

“Als Premier huelen Ech awer och d’ Finanzen,
An bestëmmt ginn et der dann do déi granzen,
Duerfir huelen Ech och d’ Justiz an d’ Polizei,
An direkt den Paragraph vierunddreissig Strich zwéi!”

“Här Minister, wat soen Ech, Är Exzellenz,
Als Premier verdeelt Dir bestëmmt och mat der Strenz,
Den Péckvillchen seet jo, mer kënnen nit léien!
Kann hien dann trotzdem Pressen Hëllef kréien?”




No comments:

Post a Comment