Tuesday, December 8, 2015

“Mat Gambia kann jiddereen Tramsschaffner ginn!”


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Kaartepëtzert. 
Photo ET/LuxTram























“Mat Gambia kann jiddereen Tramsschaffner ginn!”

Dat huet den TRAMSportminister déclaréiert,
An huet eis all bei den Auchan invitéiert.
Well do huet hien eng schéin Attrapp vum TRAM gebaut,
D’ Geld duerfir gouf vum Kilometergeld geklaut.

Wat keeft een haut schonn fir dräihonnertdausend Euro?
D’ Attrapp ass jo och nëmmen fir ze spillen do.
An duerfir steet den Tram ouni Schinn sTRAMm am Zelt,
Fir d’ Sécherheetsguerten hat den Bausch nit genuch Geld.

“Kommt mer spillen, Ech wär Schaffner”, huet den Bausch gesot.
“An Ech dann och”, sot d’ Lydie, “wéint der Fraequot!”
Dunn sot den Etienne, “an Ech sinn Guichet Unique”,
An d’ Closener sot hat wär am léifsten Flic.

Den Bettel tweet: “ulTRAModern #blo Kabinnen”,
De Jang gëtt em alt eng heemlech an d’ Schinnen.
D’ TRAMicale vu Steesel sengt den Feierwon,
An d’ Frontalieren loossen hiren Auto stoen.

Mam Chantier brauch een Nerven wéi TRAMsschinnen,
Eis Commerçanten strahlen wéi zéng Corinnen.
Wien meckeren wëllt, mécht dat beim Guichet Unique,
Oder bei der Justiz, mee dat ass eng aner Clique.

Nom Jangeli, Charly, hei ass dann den Bauschli!
Geseent vum Poopst: “E pericoloso sporgersi.”
An den Donald TRAM kennt souguer op d’ Jungfernfahrt,
Dann gëtt ee gudden GewürzTRAMiner geschmaacht.

An wann iwwer Joer an Dag den TRAM eidel ass,
Sot dann nit Gambia war vum Lämmes gebass!
Oder déi sinn eng Band vun Debütanten,
Nee, den TRAM gëtt dann Wunnengen fir d’ Asylanten.



No comments:

Post a Comment