Wednesday, December 30, 2015

Dem Péckvillchen seng Neijoschried


Ass dat do den Péckvillchen? 

Ma dat wär jo awer gelaacht! Photo ET






















Dem Péckvillchen seng Neijoschried


Well den McKinsey jo keen Lëtzebuergesch kann,
Huet den Péckvillchen seng Ried mussen selwer man.
Eng gutt Geleeënheet fir vill Geld ze spueren
An domat mam Maggy an d’ Vakanz ze fueren. 


An hei ass déi Ried, mam Juncker senger Gänsefieder geschriwwen:


Léif Lëtzebuerger, léif Portugisen, léif Fransousen,
Léif Belsch an och Preisen, an nit ze vergiessen:
اللاجئين الحب ,
Léif auslännesch Persounen wann dir eis Welt Sprooch verstitt.

Also als Staatsminister vum Lëtzebuerger Staat,
Sinn Ech frou well mir hunn jo näischt futti gemat.
D’ Leit soen jo ëmmer “Wien näischt mécht, dien näischt brécht”
An dat ass an eisem DNA ugepecht.

T’ éischt soen mer riicht eraus an näischt derniewent,
Wéi frou mer sinn an engem frouen Land ze liewen.
Well déi frou auslännesch Persounen dat selwer soen,
Kann Ech mam Juncker do voll derhannert stoen.

Obschonn, an do kann een anerer Meenung sinn,
Gëtt et jo kaum eppes wou mer eis nit verstinn.
An dat ass jo sou formidabel ze gesinn,
An ze héieren, frot Dir no allen Säi-äiten hin.

Dir an Ech wëllen jo an kengem Land liewen,
Wou een un alles sou schwéier muss hiewen.
Et muss eemol gesot ginn, dann ass et gesot,
Am léifsten hunn mer d’ Dauwen schéin fäerdeg gebrod.

Ënnert eis gesot, an mir liewen nach all dovun,
Well mer d’ Steierparadies ëmgekrempelt hunn,
Ass et eis egal wat se déi Säit der Musel man,
Eis Flüchtlingen hunn Suen déi Säit dem Ozean.  

T' kann een sech selbstverständlech och mol do bekloen,
Mee eis Spuerkeess léisst do keng Milliarden stoen.
A wann eng Brems gebraucht gëtt kennt den Felax Briz,
Dien bremst dann fest als Minister vun der Justiz.

Léif Lëtzebuerger and déi, déi et wëllen ginn,
An wann s’ et sinn, och bleiwen wëllen wat se sinn.
An duerfir wënschen Ech Iech vill Neit Joer am Gléck,
An vill Freed bei der Lektür vum Villchen Péck!







No comments:

Post a Comment