Wednesday, November 25, 2015

Lëtzeburka


Ass dat do den Péckvillchen? 
Vläicht dien lenks, mat der Burka. Photo ET





















Lëtzeburka

D’ neit Burkasgesetz ass ënnert dem  Dësch verschwonn,
Den Premier huet ganz eleng géint se all gewonn.
Hien huet jo nëmmen siechzéng Burkaen gezielt,
Provisoresch ass also dat Ee do geschielt.

Mee den Péckvillchen dien päift jo d’ Wourecht vum Daach,
Den Premier huet beim Zielen een Feeler gemaach.
“Déi do hunn Ech schonn gezielt”, huet den Xav gesot.
Et wär besser gewiescht hien hätt hiren Numm gefrot.

Well jo eng Burka awer enger aner gläicht,
Huet den Péckvillchen dunn ënnert d’ Burka gereecht.
A kuckt hei, déi Kontroll war nit iwwerflësseg,
Well elo hunn mer der schonn zweeandrësseg.

D’ Regierung seet bei sou wéineg brauch een keen Gesetz,
Dann brauch een bei souvill Stau och keen Kamerasnetz,
Schraasseg geet zou, t’geet jo keen Bankier an de Prisong,
Beim Alkoholtest seet een, “Ech hunn eng dréchen Long.”

Wann der zweeandrësseg op den Stroossen rennen,
Dann léieren se dem Bausch seng Kamera kennen!
Wann der awer näischt wëllt géint Burka maachen,
Dann ersetzt se wéinstens mat aneren Saachen!

Den Péckvillchen seet: “Een Motoshelm wär d’ Affaire,
Reglementéiert vum Transportministère!”
Déi Casquen sinn jo bekanntlech all integral,
An droen sech wonnerbar mat engem Schal!”

Dat verbessert deenen Dammen hir Protectioun,
Dann hunn se eng Visière mat Panoramavisioun,
Eng Knautschzoon fir wann een sech am Sam vertrëppelt,
An keen doudegen Wénkel wann een d’ Kéieren schnëppelt.

 Déi Helmer ginn dann och zu Sandweiler kontrolléiert,
Mat engem Numero immatrikuléiert,
Schonn fir Chrëschtdag wär dat neit Gesetz dann aktiv,
Fir den Bausch um Vëloh bleift et fakultativ.



No comments:

Post a Comment