Saturday, November 7, 2015

D’ Doris krut eng Härenauer


Ass dat do den Péckvillchen? Ma gewëss. 
Dajee Jongen en bësschen Energie. 
Photo ET / DURACELL























D’ Doris krut eng Härenauer

Vum Juncker senger aler Haascht koum wäissen Damp,
Gouf éieren een neien Chefspioun ernannt?
Do, dëser Deeg deet d’ Doris d’ Härenauer un,
Déi hat den Mille dach deeër Deeg beim Juncker un!

Mee Minutt emol, ass d’ Doris d’ Matahari,
A wat heescht hei den Heck huet nit méi d’ Energie?
Gitt dem Doris awer dann eng Ersatz Batterie.

Den Heck war jo bekanntlech dem Juncker saïn Mann,
An d’ Doris dem Bettel seng Fra, fir den SREL ze man.
Den Échange vun den Spiounen verleeft ganz strikt,
Geplangt wéi Dir dat jo all Dag am Kino gesitt:

Déi  zwee sinn op béid Säiten vum Check Point Charly,
T’ ass d’ Tramsgare an der Mëtt vun der Bréck fir den Bauschli.
Do ass den Échange, just iwwert der Festungsmauer,
Den Krichsminister Sniper läit do op der Lauer.

Den Heck am Camouflage kënnt bal op den Knéien,
D’ Doris danzt d’ Bréck erop, t’ denkt een et kéint fléien.
D’ Regie huet den Clint, Musek vum Ennio Morricone,
Eng Drëps Schweess rullt lues iwwer den Kalatsch Kolwen.

D’ Welt hält den Otem un, den Sniper läit do prett.
Do ass den Moment, déi zwee kräizen sech an der Mëtt,
Wéi am kalen Krich deemools zwëscht Ost an Westen.
Déi zwee man een dem aner onanstänneg Gesten.

Mee d’ Saach ass gelaf, d’ Situatioun ass entschäerft,
Den Bommeleeër seet “ mais ça c’est une schéin Märtt”,
“Laisse aller, c’est une Woltz” sot dunn den neien Spioun,
An den Heck fiert op den Felgen Direktioun Défense Direktioun.

Den Null-Null Dausend sot, “déi Saach ass Siemens!
D’ Auer geet dann rëm bei den Bettel an d’ Konferenz?”
Een neien SREL-Gate, dat wär jo awer den Clou.
Nom Big Brother heescht et Big Sister is watching you!





No comments:

Post a Comment