Saturday, December 27, 2014

Lëtzebuerg! Dat frëndlecht Land.




Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Anchois. Photo Pizza Hut
























Lëtzebuerg! Dat frëndlecht Land.

Zu Bréissel hat den Xav eng Pressekonferenz,
An all Fro krut zwou Äntwerten wéi aus der Strenz.
Dir wësst jo, hien hat dach schonn ëmmer gesot,
An seet et och nach, wann Dir nach eng Kéier frot.

Den Péckvillchen hat dien Dag keng gutt an der Kopp,
Bei den Mikroen läit een Telefon virop,
Do schellt den Péckvillchen, an den Xav hieft dunn op,
“Hei den Lëtzebuerg vun Bettel, wien ass do drop?”

“Ma den Péckvull, Ech bestellen gär eng Pizza,
Mat Pepperoni, Tomat, Kéis, mee keen Anchois”.
“Oh, Maître” sot den Bettel, an domat Fritten?
D’ Belsch fron een Waffeschäin, wéinst den Terroristen!”

“Wësst Dir wat, Ech ginn Är Commande op Lëtzebuerg,
Do man mir keen Gedeessems, maacht Iech do keng Suerg.
Ah, Dir mengt do wär d’ TVA elo méi héich?
A wéi wär et dann wann Der do een Ruling kréicht?”

“Oh, Xav, villmools Merci” sot den Péckvillchen dunn,
“Gutt dass een an Lëtzebuerg Vertrauen kann hunn!”
Dat war Néischen Bränding! Der Press stoung den Verstand!
An den Slogan ass: Lëtzebuerg, dat frëndlecht Land.




No comments:

Post a Comment