Ass dat do
den Péckvillchen? Ma nee, dat ass een Kommissar op der Ronn. Photo Péckvillchen |
Zu Nürnberg bei der Chrëschtlecher
Solper Unioun,
War den Péckvillchen Zeien,
verkleet als Spioun.
De leschten Mann dien stoung,
dat war eisen Juncker.
Déi aner louchen op hiren
Still an hunn geschunkelt.
Den Juncker hat nach vun
Luxleaks seng Schlappen naass,
An Schweinshax zwëscht den Zänn,
dat war zwar och keen Spaass.
Mee hien sot näischt vun
Luxleaks, hien blouf dicht.
Der Apfel fällt nicht weit vom
Krug, bis den Stamm er bricht.
Hien sot Lëtzebuerg wär kleng,
mee Bayern wär grouss,
Wann Bayern méi kleng wär, géingen
déi och zu Fouss.
Sou sot saïn Papp, dien hätt
hien Europa geléiert,
D’Barbara klatscht, den Rescht
huet sech emmerdéiert.
D‘ Leit hunn verstan, de
Juncker schwëtzt lo méi mam Putin,
Well jo nach nie een an der
Wehrmacht wollt sinn.
An den Euro wär keen Rubel wert
ouni den Waigel.
Deemools war jo den Festriedner
nach den Bourvil.
No comments:
Post a Comment