Wednesday, August 13, 2014

T‘ Kilometer Steier gëtt eng Deier.


Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass een Kilometerkontroller 
Photo CaraPass



















T‘ Kilometer Steier gëtt eng Deier

Den Marc Spautz, Chef Mécanicien aus der Chamber,
Schéckt dem Bausch eng Autos Fro, mee ouni Timber.
Hien wéisst gär spéitstens bis den éischten September,
Wat ass déi Steier fir all ACLs Member?

Vun zwéin Ministeren hunn der dräi geäntwert!
Eng nei Steier? Wouhier, dat ass dach d‘ Méi nit wäert!
Den ACL souert zwar iwwert ee Car-Pass,
Mir soen deenen am Hierscht dat wär jo Kabes.

Allerdéngs mengen Ech, déi sinn am Denkprozess.
T‘ ginn keng nei Steieren? Ma jëmmen a gewëss!
Wann der laut Nohaltegkeet Verursaacher sidd,
Spillt den Verursacherprinzip, Dir bezuelt d‘ Britt.

Op d‘ Akzisen kraachen mer dann eng TVA,
D‘ Kilometer Zuel kritt een vun der NSA,
Déi rechent direkt wéivill Benzin dat muss sinn,
An seet Iech och wéivill Suen um Konto stinn.

Am Hierscht gëtt emol fir d‘ éischt d' Assurance gehéicht,
Et ass och eng Steierrad Steier am Gespréich,
An een Forfait fir den Sonndesstroossengebrauch,
An een Prélèvement fir Pneuen ouni Schlauch.

Dann kënnt och nach eng Abgab fir Radarfalen,
Eng fir Käschten déi beim Tourismus ufalen,
Een pauschalen Maut wann een op Schläichweeër geet,
An eng Assiette wann een näischt vum Motor versteet.

Op der Douane wäert der och erëm Zoll bezuelen,
Eng Autobunnstax kënnen mer och nach huelen.
T‘ kënnt eng Garmin Steier an eng Radios Lizenz,
Dir wäert gesinn, Dir gitt besteiert mat der Strenz.

Ech sot, an dem Fall fueren Ech am Réckgang heem,
Dann bleift mäin Compteur op Null, an mech besteiert keen.
"T‘wär zwar méi bëlleg een Déngschtpäerd an eng Déngschtkutsch,
A gesond", sot d‘ Gesondheetsministesch Lydie Mutsch.



No comments:

Post a Comment