Thursday, August 21, 2014

Gréng Gambianer Gewannen Géint Global WarminG

Ass dat do den Péckvillchen?
Ma nee, dat ass den Dikkricher Kierchhinnchen,
dien kuckt an d’ Reenlach.
Photo. Péckvillchen Meteo
























Gréng Gambianer Gewannen Géint Global WarminG

D' gréngt Gambia huet et deck hannert der Lanter,
Well den Mount August war den kaalsten Wanter!
Am Kampf géint d' Hëtzt hunn mir een Succès ze melden,
Zenter dem Jang de Blannen haten mer keng esou Helden.

Den Jang den Blannen hat bekanntlech d' blann Munitioun erfonnt,
Wëll schaarf schéissen deemools jo nach ëmmer keen konnt.
D' Gambia Leeschtung ass nach vill méi gewalteg,
Global Warming gouf gestoppt, an zwar nohalteg!

Alles voll am Asaz, an keen am Asaz voll,
(Sie haten d' Vakanz jo schonn am Dezember geholl),
Am August gouf all Thermometer zréck gedréint,
Wëll beim Global Warming waren se all dergéint.

D' Fouer geet elo op mam Hämmelsmarsch am Schnéi,
Den Hämmel an der bloer Schipp steet den Schnéi bis un den Knéi!
D' Äisbieren trieden all Owend op um Glacis,
An de Bausch fiert op d' Aarbecht mat den Langlauf Ski.



No comments:

Post a Comment