Saturday, July 19, 2014

Wir sind Gross-Kommissar


















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass Knüppel aus dem Sack.
Photo: GroKom

Wir sind Gross-Kommissar

Zu Berlin hannert dem Reichstag em d' Feier,
Danzt d' Angela an drénkt Boufferdéngs Béier.
An et sengt: "Ach wie gut ist es dass niemand weiss,
Dass der Jean-Claude eigentlich Hans-Claudius heisst!"

Den Cameron sot gëscht, "komm hei gëff mer een Hei Feif,
Mee keen Kuss, haalt mer den Hans-Claudius vum Leif."
Den Dijsselbloem klot, "dien dämpt jo wéi een Schaaschteg,
T' gesäit een déi schwaarz Wollek bis hanner Baschtnech."

Den Haus eegenen Spiegel seet dass hien noschelt,
Mee dat kënnt wann een laang mam Geheimdéngscht koschtert.
Dat Genoschels geet dem Mille dann op den Wecker,
An dann geet een an d' Chamber, an zitt den Stecker.

Keen vergonnt eis sou richteg eisen Kommissar,
Dann soen se dien hänkt bis Hallefnuecht am Bar,
“Nu jee, wien vill drénkt, dien vill pisst”, sot Frisings Liss.
Zu Bréissel heescht dat dann: "Wir sind Manneken Pis".

Wou se sech awer alleguer trompéieren,
Ass ze mengen de Mann géing nit regéieren!
D' Revanche ass, hien setzt se herno all schéin op d' Plaz,
An geet an d' Welt Geschicht an als GröGroKaZ. (1)

    (1)   Grösster Gross-Kommissar aller Zeiten



No comments:

Post a Comment