Saturday, July 12, 2014

Eent mathematescht Gedicht fir den gréngen Poesie Album




















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat sinn einfach Méiwen 
déi sech ewech maachen virun enger Methan Wollek. 
Photo: Biergerinitiative Stafelter.

Eent mathematescht Gedicht fir den gréngen Poesie Album

Virun Joeren war Ech alt Coureur Cycliste,
Den Stafelter erop hat Ech léiwer wéi d' Pist.
Elo ginn déi Gréng a maachen den Stafelter zou!
Ma fuert esou virun, dann geet alles bei d‘ Kou!

Op annerhallwem Kilometer verschwënnt d‘ Strooss,
Den Bausch huet dat alles ganz exakt no gemooss.
An d‘ Platz kommen am ganzen dräi Hektar nei Beem,
Well een der grad souvill fir den Tram muss ëmleeën.

Ech hunn de moien mam Mëllechmeedchen geschwat,
Dat huet mir d‘ Rechnung vum Carbon Footprint gemat:
"Dräi Hektar Bësch schlécken am Joer sechs Tonnen Gas,
Ass et dat iwwerhaapt der Wäert, dien ganzen Spaass?"

"Fuert fofzéng dausend Kilometer am Joer,
Dat ginn zwou Tonnen CO sot mäin Schwoer.
Wann een elo fënnef Kilometer Ëmwee mécht,
Fir all Dag op d’ Aarbecht, dann rechent dat sech."

"All Won mécht do dausend Kilometer am Joer,
Fir d‘ Land sinn dat zéng Milliounen, sot mäin Schwoer.
Eng kleng Regeldetri gëtt Eis dann d‘ Resultat:
Sechs honnert Tonnen CO ginn an d‘ Loft gesat".

"Dat ass honnert Mol méi wéi den Stafelter schléckt,
Ech mengen mir ginn all bei den Hännes geschéckt
Ech sot: „Ma Clarisse, do hues de nawell erëm Recht,
Ech hunn eng Léisung: manner Gas an méi Mëllech."

"Du weess dass mir all zevill Hamburger iessen,
Duerfir muss een Rëndvéier zillen an schluechten.
Du weess jo am beschten wéi déi Déieren faschten,
An eis Atmosphär mat Methan Gas verknaschten."

"Nonzeg Kilo Methan op den Kapp gëtt eng blo Wiss.
Methan ass zwanzeg Mol CO” sot d’ Clarisse.
Säin Schwoer sot, bedenk Der elo mol dat do,
Een Rëndvéi fascht genau esouvill wéi een Auto."

Mir koum eng Iddi, an déi deet guer nit wéi,
Eemol den Mount iessen mir keen Hamburger méi!
Dat sinn annerhallwen Kilo Bifdeck d‘ Joer,
Fir d' Land méich dat 750 Tonnen sot den Schwoer.

Een Rëndvéi mat siwen honnert Kilo Schluechtgewiicht,
Gett eis zwee honnert fofzeg Kilo, eemol zerluecht.
Mir géingen dann 3000 Rëndvéier spueren,
Amplaz Ëmweeër um Stafelter ze fueren.

Dir hutt richteg gerechent, wat déi géingen faschten,
Bal dräi honnert Tonnen Methan, oder se baschten.
Dat ass gläich sechs dausend Tonnen CO,
Oder dausend mol méi wéi den Stafelter Ëmwee.

Amplaz Hamburger ësst een dann gréngen Kabes,
Choufleur, Saubounen, Knuewelek an Kolrabes.
Dann faschten mer all am Tram dass et blëtzt an kraacht,
An mat all deem Gas gëtt sech alt futti gelaacht.



No comments:

Post a Comment