Friday, January 24, 2014

Mam Ex-Premier um Heeschen Tour


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, mee een Politiker mam Mond voll. Photo ET


Mam Ex-Premier um Heeschen Tour

Léiwer Härgotts Merkel,
Madame vum Hummer an Zierkel,
Hummer, Zierkel,
Ech schaffen gär fir Dech zu Bréissel,
Fir Dech zu Bre'issel.
Scheck den Barroso a Portugal,
All aner Kandidat ass duerchgefall!

Léiwer Härgotts Francois,
Ech ersetzen gär den Barroso,
Ee Blond, zwee Blond,
Ma Francois Du bass awer gesond,
Bass awer gesond.
Ech géing gär zu Bréissel liewen,
An d' Trierweiler derniewent!

Léiwer Härgotts Van Rompuy,
Ech hëllefen gär, Du kanns nit méi.
Bréissel, Euro,
Ech wär gär dien neien Barroso,
Neien Barroso.
Loosst den Mann dach an d' Pensioun,
Keen méi schafft jo do ee Spoun!

Léiwer Härgotts Barroso,
Geess Du schonn a Pensioun, so?
Jerez, Porto,
Als Remplassang kommen just Ech a Fro,
Just Ech a Fro!
Loosst déi jonk Leit striewen,
Déi kennen näischt vum Liewen.

Léiwer Härgotts Péckvillchen,
Hëllef mir op een Euro Stillchen,
Bréissel, Stroossbuerg,
Dat anert Joer maach Der do keng Suerg,
Maach Der do keng Suerg.
Du gëss mäin Presse Spriecher,
Zwitschers vun den Diecher,
Ass dat nit bal,
Ginn d' Féiss hinnen kal.
Ass dat nit gläich,
Laachen se sech an d' Bäich.
Ass et nit geschwënn,
Ginn meng Chancen ganz dënn.
Ech well awer nit an d' Wahlen goen,
An dem wëllen Wieler säin Wielerwëllen froen.



No comments:

Post a Comment