Tuesday, January 21, 2014

Een Plaidoyer fir d' Biekerecher Waasser
















Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass den versoffenen Storch.  
Dien läit alt schonn erëm am Gruef. Photo Hick!


Een Plaidoyer fir d' Biekerecher Waasser

Am Kader vun der Aktualitéit, an als Homage un den Bourvil, d' Ried vum Péckvillchen virum AAA Lëtzebuerg 

Dir Dammen an Dir Hären,
Léif Anti Antialkohol - Hick! - er

Biekerecher Waasser, Jo! Mee Alkohol, Nee!
Ah dach, dien hei drénkt näischt, doheem an ënnerwee,
Eng Drëpp Biekerecher, nee, Drëps Biekerecher,
Fir ze feieren, ass dat bescht Feierwaasser.

Biekerecher Waasser, Jo! Mee Alkohol, Nee!
Biekerecher an Alkohol sinn zweeërlee.
D' Biekerecher Waasser ass staark, t' kann Fëscher droen,
Hä, gewass! T' kann Schëffer droen, wollt Ech soen!

Bieker-Hick-er Waasser, Jjo! Mee Alkohol, Nee!
Duerfir huet dien hei ëmmer eng Kluck voll derbäi!
Biekerecher Waasser, vum Brenner, dat allerbescht.
Den Féckpillchen ass och mat deem Waasser gewäsch.

Biekerecher Waasser, Jo! T' drénkt sech mam Triichter,
Egal wou, wien, wéivill, t' bleift een schéin anniichter.
Huelt nach eent klengt Drëppe Glas,  dat ass jo nit schlëmm,
Sou joncker wéi haut gesinn mer eis nie méi erëm.

Alkohol? Nee! Mee t' steet sech schlecht op enger Patt,
Zapert, gëff eis nach een Patt, an huel Du och een mat.
An dann ass Absinthe, ma jëmmen, nee! Abstinenz!
Vun mar un drénkt dien heiten nëmmen aus der Strenz.

Biekerecher Waasser, jo! Dann bleift de Kirsch am Duerf,
Dann läit keng dréchen Long mat der Panz voll am Gruef.
T' gëtt een och nit Honds Mirabelle, ööh, miserabel.
Op véier Patten kraucht keen fort mam Jabel. 

Et Gin der déi soen, "nach eng Schlof Drëpp", am Jumm.
T' läit sech dann wéi den Gottfried Hurra op der Rum.
Eisen Villosoff seet, den Patt an Éieren,
Mee loosst Iech dann awer mam Déngscht Won féieren.

Gitt Dir alt an den versoffenen Rousekranz,
Op d' Kiermes, Fuesbal an aneren Firlefanz,
T' ass Biekerecher Waasser do fir Iech all.
Wat Dir nit drénkt leeft zu Nidderpallen an d' Pall.

Ech Wodka..Ech wollt grad soen, Alkohol, Nee!
Ass een awer mat engem Kueder ënnerwee,
An no enger Taass Kaffi Quëtscht, wat sot Ech, glëscht!
Do muss d' Biekerecher Schléiwen, entschëll - Hick, fléiwen.

Mir hunn an schwéierer Zong, Zäit, an d' Glas gekuckt,
Mir hunn wéi d' Millerad gedréint an gebruckt.
Mee, Prost! Mam Biekerecher kritt keen eis futti,
Dat Waasser kënnt an d' nei  Constituttifrutti !

Biekerecher Waasser, Jo! Alkohol, Genee!
Een Glas Virschoss an mer sangen Juchhee an d' Hee,
T' schauert den Mo, t' léisst een keng Flilleken hänken,
Haalt eng Néngtchen fir Schniewel an Panz ze schwänken!

Dir Distilléiert Dammen an Hären,
Biekerecher Waasser huet keng Kären!

Schléiwen Komitee vun AAA,
Léif Anti Antialkohol - Hick! er

Absolut Merci, an bis Pernod, beim Digestif.

Hätt nach een eng Framboise, ööh, Fro?
Lauschtert dann dem Bourvil no.





No comments:

Post a Comment