Monday, July 23, 2012

Vive den Beki an den FLB, den Front de Libération vunn Bieckerich


Gaunz op Biekericher  geschriff!




Ass dat do äen Péckvillchen? Näen, dat sinn gaunz gewéinlich Ienten um 
Milleweier. Photo: ET Naples, FL

Jongen an Meedercher Där wësst déi grouss Noriicht,
Mat dem Euro ass nit méi vill ze radetten,
Fir een Euro käefs De der neescht méi a Schmatten.

T' ass eng gutt Saach déi sech bei dem Kuelebierg däet,
Wëll do lues a lues  äent neit Biekerich entsstäet.
Bis elo haten déi an der Staad neescht gesinn,
Wat jo och gutt war, vir a Rou gelooss ze ginn.

Kommt mär soen nach kengem wouhin  mär wëllen.
An dann loossen mär déi gaunz häemlich trëllen.
Mär broochen kengem senger vir z' iewerliewen,
Wien Ees dat nit gläeft, dien leet awer schéin der niewen.

Mär maachen eist Elektrischt oos dem Maschtepull,
An eist gutt Waasser ass nit nëmmen gutt vir d' Spull,
Näen, mäer zapen dat schéin propper an eng Fläsch,
An fir jiddwer Fläsch, gäet äen Beki an eis Täsch.

An wat mäer jo dann nach hunn, ass eng Soubelkoll,
Wann déi awer elo neescht eraubrengen soll !
Do geseet äen, mäer kënnen gaunz eleng  äenz ginn,
An d' Biekericher wëllen bleiwen wat se sinn.

Et woult do schonn äen den Beki eraafmaachen,
De Frieden sot, bekëmmer Dech em Deng Saachen.
Dien Friden do, dien ass nit domm, an hien verstäet,
Besser een Beki, wann den Euro futti gäet.

Dat gëtt jo flott, dat mussen mär awer dann feieren,
Um Kuelebierg an op den Milleweieren.
An den Camille mellt ees dann un bei der UNO.
An den Egide dien héileft, wëll hien wunnt jo do.

1 comment:

  1. Ech, als gewielten Ausseminister vun der "Fräier Republique vu Clairefontaine", déclaréieren hei mat formell eis diplomatesch Solidaritéit mat dem " Front de Libération vu Biekerech".
    Venceremos
    Pascal Granicz
    Ministre des affaires étrangers de la République de Clairefontaine

    ReplyDelete