Thursday, July 19, 2012

Allo Jean-Marie: De Péckvillchen huet nogelauschtert



DREAM, DREAM, DREAM (Everly Brothers)

D' Police Judiciaire goung der Saach no. Sie hunn awer nit alles fonnt wat den Péckvillchen fonnt huet. Hei ass fir t' éischt der Police hir Prosa, dann derno dem Péckvillchen säin literarescht an historescht Wierk. 



Hei ass een Gehir Scan vun engem dien dreemt. Photo: ET

Dram-Transkript: (Police Judiciaire)

2.3. Jean-Cla ude FINCK— 11.07.2012 M. FINCK nous a remis un document manuscrit qu'il a redgé le 8 juin 2012 et qui reprend sa version de I'entretien téléphonique qu'iI a mené avec e Ministre HALSDORF.
Ce document est joint a I'audition de M. FINCK.

An der Nuecht vum 7 op den 8/6/2012 ass folgendes geschitt, ech sin erwecht an hat den Androck ech hat elo grad (am Schlof) nach eng keier den "Film" vun mengem Teiefonsgespréich mat dem JM Halsdorf "gesinn" (den genauen datum weess ech nach emmer net)

- ,,den Jean-Marie hei, salut"
- ,, moien Jean-Marie, wie geet et?"
- ,, So, den Guy beschweiert sech bei mir driwer ewéi dat bei der Spuerkeess mat sengem Prêt gaangen ass. Hien as net zefridden, ech soll dir téleph."
- ,, Ween as den Guy??"
- ,,den Guy Rollinger vun Wickrange huet säi prêt bei dir"
- ,, Lauschter Jean-Marie, ech kann mat Dir net iwwer een client schwetzen"
- ,,Jo mee hien seet dat wier net säi richtegen Wee gaangen, Konditiounen wieren net gutt"
- ,,All eis dossieren ginn no strengen procéduren an no marches conditiounen ofgeweckelt, dat ass esou bei enger Bank, méi kann ech deEr net soen .... Gees du mour een match kucken?"
- ,, Ech hunn nach keng Tickeen, mol kucken"- ,, Allez Jean-Marie, ech muss zeréck an mäi comité, bis soss eng keier"

N B.

Och an deem "refilm ", wou ech net verstinn ewei esou eppes ensteet, vielleicht duerch den Stress vun geschter (Presse Confer. DP + Greng, etc) huet de .J.M Halsdorf extrem midd geklongen.



Ass dat do een Péckvillchen? Nee dat ass een Fink. Photo Wikimedia


Allo Jean-Marie: De Péckvillchen huet nogelauschtert

De Finck war déif entschlof an huet säin Daum gelutscht.
"Dream, Jean-Claude, dream", séngt den Teddy dien nieft him kuscht.
Nit ze weit vun do kann den Halsdorf nit schlofen,
Hien muss epps schaffen, soss kennt de Becca hien strofen.

Wann hien den Jean-Claude nit urifft, dann bleift en doheem,
Näischt man, an trotzdem virbäi, dat wär jo bequem!
"Jean-Marie, Du muss Dech hei um Bidon rappen"
Sot hien sech," soss deet de Flav Dech dat berappen."

Dir huelt an Uecht, den Halsdorf Duuzt sech selwer,
An och den Finck, den Becca, an den Rollinger.
Déi véier verstinn sech wéi wann et just een wär,
Flav, Jean-Marie, Jean-Claude a Guy, déi hunn sech gär.

An Ech erwächen och an der selwechter Nuecht,
Ech hat mech nach nit esou laang schlofen geluecht.
An Ech hunn gedreemt dass op mengem Telefon,
Een zwéin Typen héieren huet, während enger Stonn.

"Den Jean-Marie hei, Salut" huet dien een gesot.
"Moien Jean-Marie, wéi geet et?" huet een gefrot.
Ech gouf nie gewuer wéi et deem iwwerhaapt geet,
Well dien jo nit gläich nom Guy sengem Prêt nofreet.

 Oeeeh, "Hien ass net zefridden, ech soll dir téleph,
De Flav sot dat och, Du kenns hien jo aus dem FF."
"Wien ass den Guy an wien ass iwwerhaapt den Flav?
Dann kucken Ech am  rouden Dossier hei am Schaaf."

"Den Rollinger vun Wickrange huet säin Prêt bei Dir."
Ech héieren alles mat an kann nit derfir.
Bestëmmt ass dat sou eng Zort vun Telepathie,
Dem Halsdorf säin teleph mam Finck vergiessen Ech nie.

Ech duecht, Freck, Ech héieren Bankgeheimnisser,
Vun engem Banquier an vun engem Minister.
Wéi dat an engem Dram sou ass, sou war et alt,
Ech krut mam beschten Well mäin teleph nit ausgeschalt.

" Lauschter Jean-Marie, nit fir mech hei ze bretzen,
Ech kann mat Dir net iwwer een Client schwëtzen"
"Jo mee hien seet dat wier de falschen Wee gelaf,
"Konditiounen wieren net gutt" dat wéisst all Af.

"All eis Dossieren ginn no strengen Procéduren,
No Marché's Conditiounen, keng Aventuren,
Dat ass esou bei enger Bank, souguer der Spuerkees,
Méi kann ech der net soen, wéi's de verstees."

"Gees du mour een match kucken?" huet de Finck gefrot,
" Ech hunn nach keng Tickeen", huet den Halsdorf gesot.
"Ma teleph bei den Becca da kriss De der e puer",
"Nee dat wär Korruptioun, sou gëtt hei nit gefuer."

"Allez Jean-Marie, ech muss zeréck an mäi Comité,
Do leit dem Guy am Flav hiren decken Dossier."
"Jo Jean-Claude, mir hunn elo genuch gediedegt
 An deem dien lauschtert, Deontologie gepriedegt".

"Top Chrono, 10 Sekonnen ass d' Gespréich gelaf!"
"Jean-Marie ass dat do eng nei Rolex vum Flav?"
"Nee t' ass eng Kopie, an China Town selwer kaaft."
"Bis soss eng keier" an dunn ass de Finck gelaf.

Een Kolleg hei seet: "t' stëmmt alles wat hien sou seet,
Hei ass eisen Microfilm mat Datum an Zäit,
Näischt op engem geklauten bloc vun CBP,
Mach awer kee Gebrauch dervun, et ass classé."

Lo weess Ech, obschonn Ech dat jo nit sollt wëssen,
Wéi een Milliounen léint mat guddem Gewëssen.
Ech verstinn och nit wéi sou een "refilm" entsteet,
Zéng Sekonnen laang war d' Stonn; jee wéi d' Zäit vergeet!




No comments:

Post a Comment