Monday, February 7, 2011

Juch-hee, juch-hee op d'Rees!


Een lëtzebuerger Vollekslidd inspiréiert vun eisen Ministeren hiren Reesen, wéi mir se vun enger parlamentarescher Fro kennen geleiert hunn.

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Mir fléien nëmmen éischt Klass,

Mir sinn vum Lämmes gebass!

Flitt mat et gëtt vill Freed,

Juch-hee, alles op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Vergiesst den Schiltz, Ries a Schmit,

Mir sinn déi Gesellen midd,

Héich hei uewen dat ass méi Freed,

Juch-hee, an fort hien geet!


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

De Jang jickt t' ass ee Genoss,

Den Hansli lescht säin Verdross,

Dat alles schléit schéin an t' Kees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

A wat ass dann elo nees?

Wien geséich gär eis Rechnung?

Wat steet do an der Zeitung?

Dat alles schléit an t' Kees?

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Hei dann fir dass de 't weess:

Bei der Luxaviation,

Knacken mir Dom Perignon,

D' Hostess kritt eng Bees,

Juch-hee, mir ginn op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees!

Wann 's De anstänneg frees,

Hëlt d' Belsch Militär Dech mat.

Gitt de Jongen dann ee Patt,

Eng Fritt mat Mayonnaise,

Juch-hee, mir ginn op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Ech hat elo bal vergiess,

Sou eng Rees déi mécht ee midd!

Huelt Iech dann eng Junior Suite.

Dreemt schéin vum Mercedes!

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, wann 's De net geess!

D'Marie-Josee mat Genoss,

Flitt éischt Klass an de Laos,

dann Cap Vert mat der Kees,

Juch-hee, kommt mat op d’ Rees!


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

T' ass alles am Vergiess!

D'Cynthia Stroum kritt all d' schlecht Press,

Wéint enger neier Mattress!

Dat géif et nie bei eis!

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Mir hunn zwar epps um Häerz!

Zenter kee Concorde méi flitt,

Hunn séi eis an d' éischt Klass ran kritt.

OK, mee Du verstees,

Dat ass méi eng laang Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Wéi gutt ass et dass Ech weess:

Mir kréien och ee Fliger.

Da fléien eis brav Krieger

Selwer bis op Paräis.

Juch-hee, dat gëtt eng Rees!

No comments:

Post a Comment