Sunday, February 20, 2011

Ee fréieren Minister wiesselt d' Vollek.


Oder: Ëmgedréint ass och gefuer!

Lëtzebuerg hat ee schwaarzen Krichsminister,
Bei deem ass alles verkéiert gelaf!
Seng Geschicht gouf ëmmer méi sinister,
D' Wieler huelen jo näischt esou a Kaf.

Hien huet als Éischten géint d' Arméi geputscht,
Normalerweis ass dat jo ëmgedréint!
Mee hien huet ouni Minn säin Daum gelutscht,
Nom Ries huet jo keen Hunn méi gekréint!

De Ries souz am Bunker a gouf keng Rou.
D' Affaire déi mécht esou vill Kaméidi,
Eisen fréieren Minister seet duerzou,
"D' Vollek versteet näischt, wat soll dien Zodi !"

Ganz eleng mécht hien eng Demonstratioun,
"Ech wär mengem Vollek gär lass" jäitzt en!
"Dir sidd mir eng terribel Frustratioun!"
T' war ëmgekéiert wéi an Egypten.

Ee Putsch geet dien vun ënnen no uewen?
Ee Mann eleng ass keng Demonstratioun?
Wann dat esou ass, loosst Iech begruewen,
Ech hätt gär meng Afrikanisatioun!

Hien sot: "Ech këmmeren mech elo em Afrika",
De Bwana Tzilsch schwëtzt Verlan mam Bongo!
Afrika heescht vun 'lo un Kafria.
An den Tintin heescht Nitnit am Congo!"

Eisen Bwana putscht elo géint schwaarz Genereel,
Hien schéckt Lëtzebuerg Entwécklungshëllef.
Hien mécht elo nëmmen méi Käpp mat Neel.
An d' Rotkäppchen frësst souguer den Wollef.


No comments:

Post a Comment