Sunday, January 16, 2011

Den Hansli Juncker ass een Schwäizer!


Ech sot näischt, hien huet dat selwer gesot,

Hien huet gesot "ech sinn dien gréissten Schwäizer!"

Dat ass net bescheiden wann Dir mech frot,

D' Cap an d' Schwäiz kruten Fändlen mat Kräizer.


Mir duechten, hien geet dien Blocher beetschen,

Lo kritt dien emol den Füddli gehaen,

Do ginn déi zwéin sech een Débat leeschten,

Séi hunn sech alle béid sou gutt verstan.


Elo huet den Juncker ee Schwäizer Pass,

Wéi all déi aner Jünger vum Rütli,

Hans-Kloot Juncker hunn Séi 'm als Numm verpasst,

De Wilhelm Tell nennt hien schonn den Hansli !


Déi ganz Schwäiz verléiert hei de Verstand,

Sengt vum groussen Här aus dem klenge Land:

Wenn I numme wüsst wo üse Hansli wär,

Üse Hansli chunnt vo Adelbode her,

Adelbode isch im Luxemburger Land,

Ds' Luxemburger Land isch schö-ö-ön,

Wie ds'Oberland ja ds'Oberland,

Wie ds' Bärner Oberland isch's schön.


Lëtzebuerg gëtt erëm ganz neutral,

An den Te Deum ginn mir jodelen,

An d' NATO and d' NAMSA sinn eis egal,

Mir sinn amgaang d' Arméi ëmzemodlen.


Aus Europa gëtt démissionéiert,

Déi wollten keen Hansli als President.

Da kann Lëtzebuerg ganz ongenéiert,

Dat maachen wat et am beschten kennt.


No comments:

Post a Comment