Thursday, July 30, 2009

Maybolli - Hors Série - Aktualitéit.

De Juncker sot, “ wann e kee Su méi huet,
Dann gëtt de Lëtzebuerger gutt verbruet.
Et wär lo ganz falsch fir dann ze spueren,
Mir wëllen wéi ëmmer weiderfueren."

"Kommt mir geheien d’ Geld zur Fënster raus,
A liewen sou weider, am Saus a Braus.
Mir wëllen bleiwen, um Stull, um Hënner,
No eis geet eben d’ ganz Welt dann ënner."

Eng nidderträchteg Nouvelle geet em d’ Welt,
D’ National Krankekeess déi hätt kee Geld.
Leif Leit maacht Iech do guer kee Gedanken,
D’ Belsch kommen ëmmer nach bei eis tanken.

TVA, Akzisen an och schwaarzt Geld,
Et gëtt guer näischt wat d’ Belsch dobaussen hält.
Zoossiss, Quetsch an Hamen ginn mat op d ‘Rees,
Et bleiwen e puer Su fir d’ Krankekeess.

An der Krankekeess do setzt de Bolli,
Dien hëlt den Defizit schonn mam Kolli.
Ee Lach am Kont bréngt hien nit aus der Rou,
Hien keeft eng Porsch a mécht de Buttek zou.

Crèchen an Resto man aus him een Held,
Wann senger Liewen den Dierwiechter schellt,
Gëtt de ganzen Komitee krank gemellt,
An den Bolli rennt mat der Porsch duerch d’ Welt.

Duerno gëtt kee Lëtzebuerger méi krank,
Huelt Iech déi Garantie alt mat op d’ Bank.
De Juncker versprécht, dat geet elo duer.
Mar geet d’ ganzt Land op Munneref an d’ Kur.

No comments:

Post a Comment