Tuesday, July 21, 2009

Maybolli (9)

Een Dag am Liewen vun Maybolli.

Den Nopesch Hunn huet scho laang gekréint,
De May huet sech nach am Bett gedréint.
Hien ass zwar nach nit pensionéiert,
Mais d’ Schaff huet hien scho laang verléiert.

Hien schléift sech aus bis ee Véierel op,
Säin Wecker huet keen eenZär méi drop.
Seng Box steet riicht niewent sengem Bett.
Een Donnerschlag an de May ass prett.

Zwee Eeër an Schampes fir den Duscht,
De May dien ësst keng dréchen Kuscht.
Domat ass hien och gläich marsch bereet,
Mat dem BMW drop lass hien geet.

Fir d’ éischt ginn d’ Crèchen inspektéiert,
An d’ Joffer do mol dérangéiert.
Eng Porsch quiitscht seng Pneuen um Pavé,
De Bolli parkt nieft dem BMW.

Sou eng Inspektioun dat ass kee Spaass,
Déi zwéin sinn hongereg, scho ginn se Gas,
Hopp op de Wee an d’ Ënnescht Gaass,
De May huet een Duscht ewéi ee Faass!

Am BICE léisst et sech gutt liewen,
De May um Stull, Bolli derniewent.
De May zielt d’ Leit, haut ass erëm gutt!
May a Bolli sinn gudder Mutt.

Sie iessen alles wat Se packen,
Vun der Kathedral klengen d’ Klacken.
De Bolli seet, et ass geschwënn Zäit,
Nach zwéin Machiata, a fort e geet.

Mario, sot de May, vir mech och!
An enger Taass vun Villeroy Loch.
Déi zwéin, gedoppt, hunn ee gutt Gefill,
Dat huele Se mat bei de Fränk an d’BIL.

D’BIL ass ee grousst strotzegt neit Gebai,
“Allo Fränk”, sot d’ Joffer, “déi zwéin sinn hei.”
“Huelt Iech ee Moment Platz” sot d’ Joffer,
“De Fränk ass ënnerwee mam Chauffer.”

De Bolli setzt sech nieft de Guichet,
A bliedert duerch een decken Fichier.
De May verbréngt eng gutt hallef Stonn,
Mat sengem Deedichen um Telefon.

De May um Telefon bläert ewéi ee Päerd.
Ee klengt Meedchen kräischt “Mamma” a fäert.
D’ Mamm déi seet Du brauchs nit ze fäerten,
De Monni schwätzt an der Schwäiz mat Bern.

D’ Kënni sot, a! duerfir jäitzt de Monn!
Wuerfir hëlt hien da keen Telefon?
De Monn déi léisst sech guer nit stéieren,
“Ja, Bahnhofstrasse” kann een héieren.

Em all Guichet gëtt et stell,
D’ Leit lauschteren a laachen wei déi Wëll.
Wat een do nit alles kann héieren,
Et kënnt een den Verstand verléieren!

Do sidd der jo sot do de Fränk,
Kommt setzt Iech hei bei mech op d’ Bänk.
“Mir bräichten alt nach eng kleng Millioun”,
Sot de May an setzt domat den Toun.

De Fränk déi sot, “gutt dat geet an d ‘Rei,
Den Egide ass jo scho guer nit hei.
Hien ass gutt mat senger Ënnerschrëft.
Kee Problem souwäit et d’BIL betrëfft”.

Déi dräi sinn frou wei plakeg Mécken.
Gesäit een wéi déi dräi sech klécken.
De May sot dunn dat gëtt gefeiert,
Porsch an X Fünf ginn ugekéiert.

Vun der BIL direkt op d’ Autobunn,
Well Séi zu Esch Toscana hunn.
Do gëtt gedronk an fir neischt gebafft.
Owends sinn déi zwéin futti geschafft.

Et bleift awer nach eng Klengegkeet:
Ir de May an de Bolli schlofe geet,
Mussen Sie bei der Keess passéieren,
An chèques repas an Cash kasséieren.

De May stellt erëm seng Box bei d’ Bett,
Dann ass se dien aneren Muergen prett.
Da geet dat ganzt Spill vu fir nees un.
Iwwert d’ Keess vu gëschter kréint keen Hunn.

No comments:

Post a Comment