Wednesday, April 18, 2012

Ee gudden Hunn flitt mat der Kluckseër? (2). Macht dat Helmingair.



           Ass dat hei een Péckvillchen? Nee, dat ass een Osprey mat dem Presidenten Knëppel fir d' Nascht propper ze kréien. Photo: ET


Wat hat Ech mech dann elo trompéiert! (1)
Obwuel dat do keen sech vill drun stéiert.
Ech sot de Finck dien wär elo d' Luxair,
An duerfir wär dat dann elo d' Kluckseër.

Dat alles huet sech awer geännert,
Et gouf vill iwwer déi Saach geklennert.
De Problem ass all déi Kumulanten,
Richen ëmmer méi nom Verbrannten.

Keng Angscht, de Finck bleift trotz allem am Nascht.
Et huet nëmmen ee Guckuck dran gefascht.
Do koum een am Sprint gerannt vun hannen,
A geet lass wéi déi Wëll op d' Banannen.

D' Iwerraschung haelt sech nach a Grenzen,
Een Turban flitt we'int den Turbulenzen.
Mee wien d' Aerodynamik versteet,
Dien weess, Ech waarden bis dat de Wand sech leet.

Den Pol huet guer näischt mam Qatar ze dinn,
T' muss een Hien als Indépendant gesinn.
Hien leed lo d' Geschécker vun der Luxair,

Friday, March 30, 2012

D' Fekter huet dem Juncker säin Mikro geholl.











































Ass dat do  den Peckvillchen? Nee, dat ass een streiderechen Hunn. Photo E.T.



O, jo! Hat muss och ëmmer alles hunn!
An elo hunn mer dann dat dervun.
Hat huet dem Juncker den Mikro geklaut,
An ellen Wierder an d' Géigend gejaut.

D' Maria huet d' Wuert "Milliarden" gesot!
Mee de Juncker sot hien hätt sech geplot,
Et wär un him gewiescht fir ze schwätzen,
An sech mat deeër Affaire ze bretzen.

Kommt elo all schéin brav, dir Kënnercher,
Soss gëtt d' Joffer Iech eng op d' Hënnercher.
Der Spillschoulsjoffer geet et elo duer,
Sie huet schliisslech hiren Titel verluer.

Dir frot Iech: a wuer geet dat alles hin?
Et sollen jo keng Jofferen méi ginn!
Grad duerfir goung d' Maria virun d' Press:
Esou een Sommet wär guer keen Pince-Fesses.


Monday, March 26, 2012

Gesicht: een Eurolog fir Mössjö Euro


Ass dat do den Péckvillchen? 
Nee, et ass een bloen Heron dien kuckt nom Här Euro. Photo ET.



Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bei d' Langobarden,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Monti dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bis ënnert d' Lannen,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Schäuble dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bis op Man Hannen,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Jyrki dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien sicht wéi Jang de Blannen,
Kann keen Ramplassang fannen,
Alleguer soten Nee.

T' bleift een vun deem Ech weess,
Fir dien brauch een keng Rees,
Well dien ass doheem ze fannen,
Dien fënnt souguer ee Blannen,
De Frieden! Seet dien Nee?

Ech weess den JC weess,
Hien brauch am Fong keng Rees!
Hien kann sech jo selwer fannen,
An dann an d' Belsch verschwannen,
Den Frieden seet nit Nee!

Saturday, February 18, 2012

Ee gudden Hunn flitt mat der Kluckseër.


               Ass dat hei een Péckvillchen? Nee, dat ass een amerikaneschen Mockingbird. Photo:ET



D' Leit kloen ëmmer, Hätten an Haten,
Wären laut Spréchwuert zwou arem Staten.
Duerfir geet näischt iwwert den : "Ech hunn."
T' sief dann d' Kluck an den Guckuck waren drun.

Mir haten d' Arbed an och d' KBL,
Mir haten d' Dexia an RTL,
Mir hätten och haut nach Villeroy Boch,
Mee mir haten nie den richtegen Zoch.

An d' Cargolux huet ee Guckuck am Nascht, (1)
Wat iwweregens keen méi iwwerrascht.
Dien selwechten Guckuck leet lo seng Eeër,
Als BIL verkleet an d' Nascht vun der Luxair.

An d' Luxair schéngt huet sech de Finck gefëscht,
Dien steet elo mam Guckuck op der Lëscht.
Finck an Guckuck kléngt sou schéin aviaire,
Nët, mir fléien elo all mat der Kluckseër!

Wednesday, February 15, 2012

Myanmar ass bal eppes wéi Florida wat géing a Burma leien.


Ass dat do ee Peckvillchen? Nee, dat ass ee wellen Untert. Photo: ET

Eisen Ausseminister ass op Rees.
Hien wollt mech bestëmmt besichen kommen.
Hien sicht no engem Thein, an dréint am Krees,
Fir sech an Asien ze verrennen.

T' ass awer egal, t' gouf keng Zäit verluer.
A Burma gesouch hien den U Thein Sein.
Lëtzebuerg schéckt lo een Botschafter duer,
An domadder war den U Thein Sein fein.

Florida muss waarden op säin Besuch.
T' ass Schued, hei kann een schéin Vëlo fueren.
Ech maachen och Téi an Zitrounen Kuch,
Mee all Mënsch versteet, mir mussen spueren.

Tuesday, February 14, 2012

Wann et dem Iesel ze gutt geet, dann geet en op d' Äis danzen

             
                 Ass  dat do een Péckvillchen? Ma jëmmen a gewëss! Dat ass een Storch. Photo: ET



Zu Réiser um Äis, um Mille Weier, (1)
Huet laut dem Wort gëscht een Iesel gedanzt.
Fir den Iesel war et sou eng Feier,
Well hien hat grad do säin Bonus verschanzt.

Op eemol kréckelt et, t' gouf ee Kraachert!
Den Iesel struewelt op den véier Been,
A fält op d' Panz duerch d'  Äis an t' kaalt Waasser.
D' Pompjeeën koumen gerannt mat sechs Ween.

Den Iesel am Äis huet gutt geziddert.
"Wat sinn Ech een Ochs!" huet en gesouert,
"Ech gouf ze laang vill ze gutt gefiddert,
D' Topegkeet huet mech op d' Äis gefouert!"

Um Piraeus steet besuergt den Plato,
Den Här Euro ass do Schlittschong gefuer.
Genau wéi de Jang hannert der UNO,
Well d' East River do war och zougefruer.

Op eemol kréckelt et an och kraacht et,
Déi zwéin struewelen fir d' Riicht ze halen.
D' lescht Bild wat se gesinn, Dir gleeft et net!

Sunday, January 29, 2012

D' Kromm läit and der Heck an den Jacques Santer ass erëm do!

Photo: ET. Ass dat do den Péckvillchen? Nee, dat ass a bloen Heron, an d' Waasser steet him bis un d' Knéien. Hien hat folgenden geheimen Wingdings Message:

Do gehait jo nit een den Santer aus dem Bett!
Dien freet sech wien dann lo erëm wat gären hätt?
Mee hien hat jo schonns eemol d' Kommissioun gerett.
An elo gëtt den Euro gerettettettettet.



Fräi iwwersat vum ET:

Do gehait jo nit een den Santer aus dem Bett!
Dien freet sech wien dann lo erëm wat gären hätt?
Mee hien hat jo schonns eemol d' Kommissioun gerett.
Dann gëtt och elo den Euro gerettettettet.