Tuesday, October 11, 2011

Sot et op Kataresch


Am Kader vun sengen kulturellen Programmer, exzeptionell reimt dësen Text nëmmen op Kataresch. 


 
Ass dat de Péckvillchen? Nee, dat ass ee bloen Heron am Stréi!

Mat dem Péckvillchen sengen Komplimenter fir ee gudden Iwwergaang an d' post Arbed, RTL, Villeroy Boch, BGL, BIL Zäiten.  Spëtzt ären Griffel an leiert déi elementar Iwwersetzungen.  (Keng Garantie dat Google richteg iwwersat huet).

       Arabesch                                                             Lëtzebuergësch


صباح الخير                       
وداعا                                    
أين نذهب الى الدوحة              
كم يكلف ديكسيا                       
كم يكلف Kredietbank                   
شيء واحد                                                        
بقشيش                                                              
شكرا جزيلا                               
اليوم لا يوجد حتى الآن أي المطر
ثم أود تزال القطع الخنازير   

Moien
Äddi
Wuer geet et op Doha?
Wéivill kascht d' Dexia
Wéivill kascht d'Kredietbank
Kif-kif
Bakschisch


Villmools Merci
Haut gëtt et och nach keen Reen!
An dann hätt Ech och nach gär Schwéngskotletten





Friday, September 30, 2011

D' Cargolux huet ee Guckuck am Nascht!

Dëst ass zwar keen Guckuck, mee vläicht een Péckvillchen









T' koum eppes em de Findel geschlach,
A Muerges war do een agebrach!
D' Cargolux hat een Guckuck am Nascht,
D' Syndikater goufen iwwerrascht!

D' Fro ass, huet ee Guckuck Fligelen?
Oder sinn dat einfach Flilleken?
Ech hätt schonn eng Äntwert op déi Fro
Mee d' Cargolux lauschtert mir net no.

Dat ass Schued, well t' ass Iech vläicht bekannt,
Ech war fréier Fligeladjudant.
Da misst Ech jo epps vun Fligelen kennen,
Och op een séi soll anescht nennen.

Flilleken heescht dat zu Biekerech,
Well  do schwëtzen d' Läit nach richt ewech.
Mee een Guckuck dien huet Fligelen,
Et kann keen him dat veriwwelen.

Dir gesitt do ass een Ënnerscheet,
Fligelen ass sou gutt wéi et geet.
De Guckuck ass vir, dat ass bekannt,
An d' Cargolux houscht hannen am Sand.

De Guckuck mécht Guckuck um Findel,
Begleet vun dem Nimax um Fligel.
An net um Flillek, dat weess all Kand.
T' gëtt jo och keen Flilleksadjudant.

Lo hält den Péckvillchen den Schniewel,
Den Guckuck setzt jo lo um Hiewel.
Hoffentlech huet keen Plommen gelooss.
Soss kritt een de Piano geblos. 

Tuesday, September 27, 2011

D' Seechen vun de Rouder Geess.


De Jesuiten Pater Rodriguez,
Huet Joeren an der Oktav gepriedegt.
Am Spott war dat d' Seechen vun der Rouder Geess,
Well hien huet gediedegt an gediedegt!

Laang Joeren war d' Seechen am Vergiess,
Well keen sech méi  erënneren konnt.
Gëscht hunn Ech am Lëtzebuerger Wort gelies,
Eis Police hätt déi kleng Geess erëm fonnt.

Ech sot abbe jo, a wanns de net gees!
Dat do ass jo eng wonnerbar Seechen.
De Polizist krut vun der Geess eng Bees,
Et geschéien nach Wonner an Zeechen.

Saturday, September 24, 2011

Lëtzebuerger Sondagen



Spigelchen, Spigelchen un der Wand,
Wien sinn déi flottst Ministeren am Land?
Dat sinn dräi Hären dat wësst Dir all,
An d' Dammen sinn all duerchgefall.

Dien éischten ass vir an bleift och do,
All déi aner kommen deem nit no.
Obschonn déi zwéin nächst sech och net ginn,
Bis mer Séi um ZDF gesinn.

Ech sinn fir den Schmit an d' Octavie,
Well déi aner dräi gesäit een nie.
Déi zwee sinn déi leescht, d' ass fir ze laachen!
Et sinn just déi, déi d' Aarbecht maachen.

Déi aner dräi déi sinn jo nie do,
Dien een dien danzt mat der PLO,
Dien do mat Katareschen Fongen,
Hien selwer mat griicheschen Stongen.

An duerfir ass d' Moral vun der Geschicht:
Gitt an d' Ausland wou keen Iech sicht.
Dann op ZDF an spillt den Här,
Dat mécht Iech doheem sou populär.



Friday, July 22, 2011

Frères Schleck, Tour de France, Etape 22 Juli 2011


Wann een mir vun Sport a Kultur schwëtzt, gräifen Ech zum Péckvillchen. Sangt mat!

Frères Schlek-ke
Frères Schlek-ke
Dormez-vous?
Dormez-vous?
Sonnez Thomas Voeckler,
Sonnez Cadel Evans!
Conta dort,
Conta dort.

Sunday, June 26, 2011

Un der Atert, no beim Waasser


Un der Atert, no beim Waasser,
Wou di grousseg Pëppele stinn,
Wunnt de Bauer Péitchen Lauer,
An zéng Kéi déi Mëllech ginn.

Refrain:
O meng Modi, wat een Zodi,
Ech gesinn der just nach ning.
Mäin Noper ass ee Raudi, (1)
Dien Déif huet mäint Josephine!

Den Noper deet d' Kou erféiren,
Séi fäert d' Kuddelflecksmaschinn,
Mee hien léisst sech guer net stéiren,
A seet t' wär säint Josephine.

Eisen Bauer Péitchen Lauer,
Mécht eng Klo fir d' Josephine,
Um Gericht kuckt keen op d 'Auer,
A wou bleift mäint Josephine?

Dräizéng Joer, gouf getuddelt,
Mee keng Spur vum Josephine.
An der Affaire gouf gefuddelt,
Den Péitchen huet net opginn.



An zu Stroossbuerg krut hien endlech Recht,
Lëtzebuerg gouf do gemëscht.
D' Regierung krut eng gutt gepecht,
An steet op der schwaarzer Lëscht.

Eisen Juncker, bei den Griichen,
Hellt deck mat Argumenter,
Mee den Péitchen, bei den Däitschen,
Baut do säin Agro Center.

O meng Modi, wat een Zodi,
Kann dann keen mir Recht hei ginn!?
Mäin Noper ass ee Raudi,
Hien huet nach ëmmer d' Josephine!

(1) Kuckt Iech den Hannergrond un: d' Geschicht vum Bauer vun Mäertzeg.


Wednesday, June 8, 2011

Maybolli platzt de Kolli.


"Mertt" sot de May, "Ech sinn rosen wéi de Juni",
"Wéi, wat" sot de Bolli, "Ech krut dat do net mat".
"Ma hei, kuck hei", sot de May, "dat doten gleefs De nie!
Lo geet den Egide hin a schreift an d' Tageblatt!" (1)

"A sou," sot de Bolli, "Ech sinn dann awer frou,
Fir mol erëm eppes vun Him ze héieren!
Wéisou mécht dat Dech esou rosen wéi eng Kou?
Franséisch Artiklen sollen Dech dach net stéieren!"

"Mon cher" sot dunn de May, "Ech verstinn nach genuch,
Fir ze gesinn dass mir am Artikel feelen.
Dat ass eng Gemengheet, dat ass fir mech e rout Duch,
Dien geet einfach hin eis Initialen stielen!"

"Do geet Rieds vum DSK, ET an dem RG,
Eis CB an FM sinn gestrach als drëtt Klass.
An dann zum Schluss seet Hien och nach C.Q.F.D.
Ech huelen alt un dass dat eng gutt Frechheet ass."

"Sou gekuckt ass keen dien dat acceptéieren géif",
Sot dunn de Bolli, "mir sollen eis do net ginn!
Wéi wär et dann mat engem anonymen Bréif,
An deem mer drop halen fir eis Nimm ze gesinn."