Den
Péckvillchen op der Turbin
D’Biekericher Waundmillen huet säin éischten Don Quijote ! **
Zu Arel op der Knippchen,
Do ass Een guer nit frou!
Well Biekerich hätt eng Millchen,
An gläich hätt et der och zwou.
Sou sot den Don Guiot iwwert d’Vergaangenheet,
Am L’Avenir ***, der Zeitung déi jo
an der Zukunft läit.
Mat spatzer Fieder seet hien, “déi aus
dem Grondüschee,
Schlouen der Landschaft mat der Fooscht
an den Klischee.”
Den Péckvillchen souz héich um Mast
mat guddem Rot,
“Fir heihin muss een vun hannen
kommen” huet hien gesot.
“Soss geréit een mat den Flilleken
an d’Turbin.
Mee vun hei kanns de d’gaunzt
Areler Laund iwwersinn.”
Do läit Alenuewen, Diddenbuerg, an
Heckbous,
Den Faaschterhaff, Tountel, an den
Fruessemer Stouss,
Do läit Sterpenich mat sengen dräi
Waundmillen,
Katterwang, Neischatto mat den rouden
Zillen.
An do gesäit een wéi den Don Guiot
schonn sot,
D’Biekericher Waundmillen steet der
Graenz op d’Noht.
Wann zu Giisch d’Sonn opgeet steet den
Barrong am Schied,
Duerfir hëllt den Don Guiot d’Wandmillen
an d’Gebied!
Den Péckvillchen sot, broochen mer méi Transparenz?
Ech ginn bei den Barrong just déi Säit
der Graenz,
An soen mer haetten un eng Atomzentral
geduecht.
Mee déi Iddi wär awer lo op d’Äis
geluecht.
Amplaz riichten mer dann eng zweet
Wandmillen op,
Direkt nieft déi aner, gaunz uewen
op der Kopp.
Dann kritt Giisch bellichen Stroum
aus dem Grondüschee,
An ass och nuets dat schéinsten
Duerf an der Wallonie.
Dann ginn mer Iech e puer al
Lutepottoen,
Den Xav war nie zu Giisch, mee kéint
fir d’Fotoen,
Wann op St Willibrord mer d’Schlass
an d’Kierch beliichten,
An mat Maitrank den Avenir an d’Zukunft
riichten.
** Den Péckvillchen schwätzt nach
wéi de’i (al) Leit vun Biekerich, Schwaecherdaul,
Préizerdaul an al Areler Sprooch.
*** Lavenir, Artikel: bit.ly/3GlEzI8
Oder: