My Orchids.Cattleya Donald Trump |
Den “Drinking Juncker” gëtt dem Donald gär Nostonnen!
Dem Donald seng
Wahl schloug an wéi een Donnerschlag,
Juncker an Hillary
hunn eng solpereg Nidderlag!
Virum “Crooked
Hillary” louchen der schonn méi op der Touche,
Den “Lying Ted”, den
“Klengen Marco” an den “Midden Bush”.
Keen Sambuca kann
den Drinking Juncker tréischten.
Als éischten klot
hien: “Den Donald ass een Wéischten,
An dien brauch
zwee Joer fir d’ Welt ze verstoen,
An iwwerhaapt,
dien Mann kann mol keng Drëpp verdroen.”
Hien hätt och
gesot Bréissel wier eent schéint Land!
Ma Jean-Claude,
dat weess jo awer och all Kand,
Das d’ Belsch aus
Flandern, Bréissel an Wallonie besteet,
An dass zwëschen deenen
Länner eng Mauer opgeet!
“Den Smoking
Jean-Claude weess rëm nit wou en ass”
Huet dunn den
Trump getweet. “Ech halen him dach den Bass!
Wann Ech elo
eriwwer kommen fir den Brexit ze feieren,
Fëmmen Ech den
Juncker, an dann bezilt en och mol Steieren.”
Den Trump kënnt op
Lëtzebuerg, den Juncker ass nieft dem Kapp.
Hien tweet souguer,
“den Trump kritt ee Kuss beim Empfank am Trumpsschapp.
An beim Digestif stréilen
Ech seng schéin Pareck.”
Den Trump tweet: “den Smokin’ Drinkin’ Juncker ass een Geck!”.
Den Trump tweet: “den Smokin’ Drinkin’ Juncker ass een Geck!”.
No comments:
Post a Comment