Ech gesinn den Pokemon mat senger Kropestaang. Photo CE - ET |
Am Pëtz
do sëtzt de Kropemann, nei Versioun.
Zu
Bréissel déif am Pëtz do sëtzt de Pokemon,
Am Fong,
Dir kënnt den Jean-Claude jo selwer froen:
An sengem
schwaarzen Buch do steet all Fra an Mann,
Déi den
Jean-Claude iergendwéi nit gebrauchen kann.
All déi
hien iergendwéi getufft hunn stinn do dran,
Sou liest
een an der englescher Zeitung “Sun”. (1)
Déi seet E géing laueren mat der Kropestaang
Bis dass
en all Mëssetäter - jupps - huet gefaang!
Dier kënnt
Him hëllefen déi Veruecht ze fannen:
Pokemon
heescht d’ Spill, t’ ass nit nëmmen fir Kanner.
Dier
musst den Marco Mille fänken mat der Auer,
An den Péitchen Lauer mat senger Schnauer.
D’ Lëscht
ass laang: den Bettel mam Dolch im Gewande,
Dem
Jean-Claude saïn offiziellen Portrait vum Brandy,
D’
Wéiwesch Kett dat mam Vëlo ëmmer d’ Virfahrt hëlt,
An den
Pater Josy dien d’ Salzdëppchen nie nofëllt!
Och den
Marius Kohl dien den Lift nit ophält,
Den
Frieden dien engem als onbescheiden opfält.
Den
Grand-Duc dien deemools nit wollt ënnerschreiwen,
An den
Digestif, well dien geet ëmmer un d’ Schléiwen.
Nit ze
vergiessen, den Kemmer mam Resümee,
An d’
Kreckéiler aus der Chambre des Députés,
D’ Trapen
Siss dat sot hien kinnt keen Auto fueren,
An den
Privat dien sot hien misst mam Fliger spueren.
Och am
Ausland, den Hollande dien keng Bees wëll
hunn,
Den
Cameron dien seet hien wär een Méckenkrunn.
Keng
Aluedung op d’UNO vun deem Ban Ki Moon,
Dien
kënnt an d’ schwaarzt Buch am Pëtz bei den Pokemon.
(1) Et war
eigentlech “The Telegraph”, mee dat reimt nit.
No comments:
Post a Comment