Den Péckvillchen mat den
Kandidaten.
|
Den Péckvillchen als Arbiter
bei der CSV
An der CSV weess zwar keen
richteg firwat,
Se sech nit eens ginn fir een Spëtzekandidat.
Den Wiseler sollt et ginn, mee
hien huet eng Schwächt,
An et mellen sech zwou Dammen,
an och een Hecht.
An elo ass dem Péckvillchen saïn
Rot gefrot,
“Hello how are you, hei ass
den Marc Spautz um Drot.
Eis Kandidaten zerfleeschen
sech wéi Wëllef,
Péckvillchen komm séier, well
mer brauchen Deng Hëllef!”
Den Péckvillchen seet: “Marco,
Ech kommen geflunn,
Maach nëmmen keen klengsten
Feeler, soss bass De drun.
D’ Zäiten hunn geännert, t
‘ginn rëm Kommunisten,
Duerfir, haalt et elo mat den
Rietspopulisten.”
“Een Macho oder eng Eisen Lady
muss hier,
Well dann stëmmen jo all déi wëll
Wieler derfir.
Fir awer den beschten Kandidat
ze fannen,
Muss dien fir d’ éischt awer
een Concours gewannen.”
“T’ muss een wéi den Putin
sinn, richteg een Taff Gei,
Dien reit op engem Bier, uewen
ouni Gezei,
Een Muskelspill, eng Rafale
aus der Kalatschnikov,
An duerno gëtt den Juncker ënnert
den Dësch gesoff.”
“Duerfir sicht bei der CSV een
Supermann,
Oder dann eng Superfra déi och
alles kann.
Eng Persoun wéi den Putin, mee
ouni Kalatsch,
Nëmmen d’ Muskelspill, all
aner Saachen sinn Quatsch.”
Den Daag vum Concours huet et
natiirlech gereent,
Den Beschef huet Motorrieder
and Trakter geseent.
Torse nu trieden Luke an Claude
mam Motor un,
An d’ Vif and d’ Martine um
Trakter sinn hannendrun.
D’ Course geet duerch d’
Piffkaul um John Deere,
Den Wiseler op der Zuendapp
leet elo vir,
Dem Qatar saïn Luke gëtt Gas
mat Qatar Pëtrol,
Mee dunn huet den Juncker s’am
zickzack all iwwerholl.
No comments:
Post a Comment