Sunday, October 4, 2015

D’ Steierparadies gouf zu New York bildlech duergestallt


Ass dat do den Péckvillchen? 
A nee, dat ass een Dutch Sandwich! Photo ET / Marius






















D’ Steierparadies gouf zu New York bildlech duergestallt

Mir verstinn jo eppes vun Steier Evasioun,
Frot emol no bei Coca Cola an Amazon!
Mir maachen wat dir gären hätt: Double Irish,
Oder Dutch Sandwich, d’ Rezept vum Emile Mayrisch.

Do war den Bettel mat véier Ministeren,
Mat Suite bei d’ UNO fir do ze ministréieren.
Op den Kapp ass domat Lëtzebuerg rëm ganz vir.
D’  ganzt Welt bräicht der do fofzeg dausend ounst d’ Geschir.

Den O’Bama dien bekanntlech een Irlänner ass,
Sot, “ären CO Footprint ass awer krass.
Wéi kënnt You Guys Iech dat dann iwwerhaapt leeschten,
Dir hutt jo een Budget dien platzt aus allen Laischten!”

“Ma Barack”, sot den Xav, “Ech bieden Dech,
Du an deng Fra kann een soen sidd Double Irish,
Huelt mech an d’ Mëtt, dann sinn Ech am Dutch Sandwich,
An esou kréien mer den Budget an d’ Gläichgewiicht.


Bildlech duergestallt. Am Essentiel























Liest awer och dem Xav saïn wonnerbaren Rapport vum leschten Joer:


Dëst Joer gouf et allerdéngs nach méi deier. Mir freeën eis awer schonn op d’ nächst Joer, wann et dat nach gëtt.






No comments:

Post a Comment