Thursday, October 16, 2014

Den Kuzunft Budget ass een Picasso


Ass dat do den Péckvillchen? 
Nee dat ass den Gast, dien kreest mam Knëppel iwwert dem Muhdam.
Photo: Pablo y Pedro




















Den Kuzunft Budget ass een Picasso

An der Chamber do moolt jo nit den Gramegna,
Een Zukunftstableau sou schlëmm wéi Guernica!
Eng Mamm eleng muss an den Chômage schaffen goen,
An saïn Puppelchen an d’May-Bolli Crèchen droen.

Do léiert d’ Kand Franséisch, Serbesch an Portugisesch,
An doriwwer freeën déi Mammen sech dann riseg.
Alles ass prett, den System trëtt direkt a Kraaft,
Wëll den Picasso gouf ënnert der Hand verkaaft!

Dem Gramegna senger Zukunft saïn gudden Rot,
D’UBS sot, “hues De dem Frieden saïn Patron gefrot?”
Den Emir sot, “dien Picasso muss Ech hunn,
An Ech kafen souguer Ebay mat hannendrun.”

“Är Kulturministesch kann mer en jo dann bréngen,
Mat Cargolux Piloten déi schéin Äddi wénken.”
An d’Maggy Nagel ass an enger Stëbswollek geland,
An direkt mam Bild am Emir säint Zelt gerannt.

“O Emir, an een Dir, verstoppt dat Bild hei gutt,
Wann der nit gär den Vogel am Keffieh hutt.”
“Mee den Clou ass, wéi hänkt een dat am Zelt hei op?” 
“Mat engem Nol”, sot d’Maggy, “mee een mat engem Kapp!”





No comments:

Post a Comment