Friday, September 26, 2014

Den Obama huet dem Bettel zu New York d' Hand op geluecht!


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een mat engem schéinen Torticoli. 
Photo: Beim Schënner. 





















Den Obama huet dem Bettel zu New York d' Hand op geluecht!


















Eng exklusiv Exklusivitéit mam Xav vum Péckvillchen

Dir sot alt ëmmer, an éischter Klass hin an hier,
D' Lufthansa ass nit vill besser wéi d' Loftleidir.
Dien aneren Dag ass en nach ëmmer wéi gebrach,
An vun deem Djättläck hat Ech d' Migrän nach.

Hei koum den Obama jo nit riicht op mech duer,
Den Barack ass nit laang ëm de Bräi gefuer:
"Hau sit gouin, Bro" huet hien op Englesch gesot.
"Gutt, gutt, hau sit hängin" hunn ech hien dunn gefrot.

Dunn huet seng fiicht Hand meng riets Schëller beréiert,
Wéi een Blëtz, t' gong duerch mech, an Ech sinn erféiert.
"O Bettel" sot den Obama, "géi a Fridden,
Mee looss Der näischt vun den Oligarchen bidden."

Ech hunn mech alt gefrueden, meng Migrän war fort,
An den Torticoli, an den Réckwéi vum Sport!
Ech war wéi an Watt verpaakt, an nit méi ze halen,
Den Erléiser hat mech erléist vun mengen Qualen!

Ech hunn dunn gutt geschwat: Léif UNO, léif Weltgeschicht,
Lauschtert gutt, lo kënnt dem Péckvillchen säin Gedicht!
An esou ass et mam Terrorismus, dat muss een mol soen,
T' kann een sech selbstverständlech och mol do bekloen.

Allerdéngs, an Ech mengen do ass jiddereen d' Accord,
Ouni wëllen iwwerhieflech ze sinn mam Terror,
An wär et nëmmen fir eng offen Diskussioun,
Obschonn, esou eppes zielt hei fir all Natioun.

An dunn hunn Ech ee politeschen Risk geholl,
An virun der Vollversammlung, an déi war ganz voll,
Hunn Ech "Dear President Obama" gesot, d' Tréin am A!
Vun haut un nennen mir eist Gambia, Kenya!

Dien ganzen Spaass huet fënnef Milliounen kascht,
Fir sécher ze maachen dass och keng Kou méi fascht.
Sou wënnt Lëtzebuerg dann den Krich géint CO,
A wann nit, dann kennt eben eng Millioun derbäi.



No comments:

Post a Comment