Thursday, February 13, 2014

D’ Stay Behind kommen aus hiren Lächer


















Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat sinn Staats Echelen déi 
d' Mauer bewonneren. Photo: Sécherheets Kamera.

D’ Stay Behind kommen aus hiren Lächer

Am Juncker sengem Gulag huet et sech erëm gesprach,
D’ Terreur ass lo eriwwer, kommt aus ärem Lach.
Se schläichen laanscht d’ Mauer, t’ sinn blatzeg Staatsbeamten,
Zéng Joer keng Sonn, t’ sinn meescht keng Onbekannten.

Do war zwar een, dien souz awer an kengem Schaf,
De Bildgen mécht sech keen Bild, wat ass do gelaf?
Den Här Direkter gouf versat, an dunn versat,
Bis dass en verluer goung, sou schaffen mer beim Staat.

Béis Zongen behaapten, hien wär Paschtouer gewiescht,
Déi géingen vill verdéngen, schaffen awer näischt.
Den Changement de Carrière geet bei uni.lu,
Zwëscht Kierch an Staat gëtt dat awer Mullimuh.

Aner Zongen soen hien war zu Palma verstoppt.
Hien gouf an zwou Verwaltungen zur Sau gemobt,
Mee hätt awer zwou Peien an zwéin Déngschtween krut,
An hätt nach vun véier Joer Vakanz zegutt.

Et feelen him och véier Joer Schäck Röpa,
Duerfir klot hien elo virum Conseil d’ État.
D’ Octavie an den Wiseler sinn awer frou,
Déi kréien seng zwou Plazen an d’ Déngschtween derzou.

Eisen Mann krut eng nei Plaz beim Colonel Ries,
Nom Congé de Maternité, geet emol Rieds.
Do kafen se dann keng Bommen fir d’ Force Publique.
Endlech hunn d’ Bommeleeër een Guichet Unique!



No comments:

Post a Comment