Sunday, October 27, 2013

Den Obama blaméiert den Juncker
















Ass dat do den Péckvillchen? Nee, mee Ech kann näischt verroden. Photo ET

Den Obama blaméiert den Juncker

Gëschter war d' Angela bei den Obama soueren.
"O Boma" sot hat, "wat hues Du grouss Oueren!"
"Dat ass fir Dech besser ze héieren mäi Kand",
"Just den Juncker lauschteren, dat ass keen amstand."

Wéi Ech dat héi'ren hunn goung ech bei den Barry,
"Ech wëll näischt héieren vum Hillary an Kerry,
Duerfir koum Ech direkt bei Dech an däin Bunker.
So mir, diskriminéiers Du géint den Juncker?"

"Ma ET, wann's  Du eis näischt géings iwwersetzen,
Dann wéisst jo keen vun wat den Juncker géing schwätzen.
Mir hunn zwar dem SREL seng Auer an der Festung,
Déi spëtzelen, an schécken eis d' Iwwersetzung."

"Den Vladi sot och, Juncker-googlen huet keen Wäert,
Am KGB setzen se op een anert Päerd,
Den Vladi an den Xi sinn lo hannert dem Xav,
Dien huet een neien Kryptovox hannert dem Schaaf. "

Mee d'Angela huet beim Obama eng Iddi kritt,
Wann Deutsche Telekom Sie warnt mat "Feind hört mit",
Dann mellt Sie sech mat "Hei ass den Schoonkloot Juncker",
"Märtt!" son d' Spiounen dann an hiren Spelunken.

Den Hollande dien keen Hollännesch kann krut dat mat,
An hien sot, dann maachen Ech elo grad wéi hat.
Et schellt. "Hei ass den Schoonkloot Juncker", sot Sie dunn.
"Jawoll, ici aussi" huet den Hollande dunn gelunn.

Den Obama kraazt sech laang hannert dem Ouer,
Merkel an Hollande sinn verschwonn, ass dat wouer?
Mee den Schoonkloot héiert een op allen Leitungen,
Just nit bei den Koalitiounsverhandlungen.




No comments:

Post a Comment