Wednesday, July 24, 2013

COUP D'ETAT ZU LETZEBUERG

Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, t' ass d' Viv, dat wëllt op dem 
Jules Cesar senger Platz landen. Photo ET war derbäi. 

COUP D'ETAT ZU 
LETZEBUERG !

Do mécht den Juncker schonn erëm een Kuhdeetaa,
Dien mécht dat jo nawell dacks soen Mann a Fra,
D' lescht hat en jo nit dem Grand-Duc den Bic geklaut,
Sou dass dien sech nit méi ze ënnerschreiwen traut.

Lo ass hien demissionär ouni Demissioun,
Dat alles wéint engem armSRELegen Spioun.
An d' Chamber gëtt opgeléist, mee nit haut an muer,
Nee, méi spéit am Oktober, dat geet och nach duer.

Eisen Staatsrot hat sech just e bësschen verschwat,
Vun wegen Grondgesetz, dës Saach ass ganz privat!
Kommt,  mir sinn eis jo eens, mir brauchen Neiwalen,
Bis dohin muss een d' Deputéierten halen!

Wéi sollen déi Leit dann dräi Méint iwwerliewen?
An déi ganz Band Ministeren do der niewen?
Dem Spautz säin Jong hat grad den Tammtamm geléiert,
Dat brauch een wann een fir d' Entwécklung spendéiert.

Seng Fra, wann en eng huet, sot: "Am Déngscht fir zwéin Méint!
An dann kritt een schonn den Paiziedel zougedréint?"
An d' Meedchen vun der Ackerbauschoul sot: "An Ech?
Sinn déi geckeg, fir dien Mëscht bedanken Ech mech."

D' Marie Josée ass frou an den Bildgen derzou,
An den Jeannot Krecké ass Ech weess nit wou.
Just d'Viv hat sech verrechent, hat wollt HIM seng Platz,
Eis Victime Nationale hält dach sou epps de Bass.




No comments:

Post a Comment