Wednesday, March 27, 2013

Kommt mir bauen eng Kris !


    Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee. dat ass eng Troika, 
    mee zu fënnef. Photo ET

Kommt mir bauen eng Kris !

Dir sidd jo d' Accord: mir sinn dach keng Idioten !
Mir léieren am Nu vun den Zyprioten.
Déi kruten eng Zort Certificat Médical,
Dien sot t' wär an der Rei fir een Bank Iwwerfall.

Dat doten loossen mer eis keng zweemol soen!
Awer ir mer lo blannemännches draschloen,
Do brauchen mer emol fir d' alleréischt ee Plang.
Dann plënneren mer d' Banken op de leschte Frang.

Mir sinn zwar schonn déi räichsten Bierger op der Welt.
Mir wëssen awer och, t' huet een nie genuch Geld.
An duerfir, kommt mer sinn nit esou zyperlech.
Well mir maachen eis dann mam schwaarzen Geld ewech.

Hei de Plang: verspreet äert Geld iwwert e puer Banken,
Nie méi wéi honnert Mille am Euro oder Franken.
Dann hutt Dir iwwerall d' Konten garantéiert,
Well ënnert honnert Mille keen een Su verléiert.

Dann gi mer hin an soen d' Land wär schrecklech krank,
Déi eenzeg Rettung wär al d' schwaarzt Geld an der Bank.
T' geet jo op e puer dausend Milliarden nit un.
Gedeelt kritt jiddereen aacht Milliounen dovun.

An d' Troika feiert dann eisen Coup och mat,
Se zielen d' Suen mat an drénken nach ee Patt.
Lagarde an Barroso baatschen mat der Gäissel.
An den Dijsselbloem dréit eng Blum um Täissel.

No comments:

Post a Comment