Wednesday, October 21, 2009

Maybolli 15

Méint, Wochen an Deeg zéien iwwert d' Land,

Maybolli sinn a Stad a Land bekannt.

Chrëschtdag, Neijoersdag, Fräijoersbotz,

An fir de May endlech eng schéin nei Box.


Sennengerbierg, Walfer a Gaasperech,

D' Crèchen déi multiplizéieren sech.

D' Ministesch, d' Paschtéier déi sinn äerdeg,

Knapps geet eng Crèche op, ass eng aner fäerdeg.


"Ei" sot de May, "dat deet gutt am BMW,"

Och de Bolli ass mam Porsch ënnerwee.

Séi fueren wéi d' Kanner an enger Rei,

A freeën sech op hiert neit Spillgezei.


Ee Monni vum Familljeministère,

Gëtt gréng Luucht an hätt nawell gär,

Eng Dosen Plazen fir sech an all Crèche,

Maybolli sinn ewech a freeën sech.


De Bolli sot zum May : "So weess Du wat?

Ech hunn gëschter Owend mam Thiels Louss geschwat.

De Louss war ganz definitiv an huet gesot,

Scheck Crèche geet elo an de Regierungsrot."


"Scheck Crèche fonctionnéiert wéi Scheck Repas,

Sot de Louss, a mir koum eng Tréin an d' A.

Ech hunn séi alt heemlech ewech gewëscht.

Wann hien näischt heivu weess, dat ass dat bescht."


"Freck" sot de May, "hal der de Louss gutt warem,

Da gi mer zwéin nach esou bal nit arem.

Stell Der mol fir de Staat bezilt d' Konten!

Da sti mer jo do wéi Staatsbeamten!"


D' Leit iwwerall waren enchantéiert,

D' Kanner warn versuergt an hu geléiert.

D'BGL sot mir hätten nawell gär,

Wann eis Crèche och vun Iech gefouert wär.


Stell Der mol vir, wat fir eng perfekt Welt!

Kënns te op d' Welt, da kriss de Kannergeld.

Crèche, Schoul, Chômage, Pensioun garantéiert,

Souguer d' Doudelued ass assuréiert.


T' gëtt Ieselen déi ginn op d' Eis danzen.

Alles geet gutt, mee de May muss granzen.

"Déi domm Fraleit gi mir schéin op d' Schlappen.

Enges Daags wäerten Séi dat berappen."


Enges Daags ass heiansdo keng laang Zäit.

De May huet eng Joffer erausgeheit.

"An Ech hunn och eng déi kënnt elo drun,"

Sot de Bolli, dunn ass eng aner geflunn.


Eng Crèche ass schlecht drun wann d' Jofferen fléien,

De Contraire behaapten, dat wär léien.

Maybolli, gutt am Erausgeheien,

Sinn äerdeg ewéi ee Schwaarm Wissbeien.


Dunn huet d' Sangen an der Crèche opgehal.

Maybolli selwer sinn duerfir ze al.

"Ech kann nit mat de Kanner sangen,

An Du kanns nit am Krees erëm sprangen."


"Du hues déi Jofferen jo erausgeheit,

Jo Du mat dengem éiwegen Gestreits."

Déi zwéin hunn also näischt bäigeléiert,

Mais de Renglirosen ganz zerstéiert.

No comments:

Post a Comment