Eng Péckvillchen
Diskussioun
|
Der, die, das - den Tram ass Transgender
Erënnert Dir Iech, an der
gudder aler Zäit,
Déi jo laut Colette Flesch an
eisem Passé läit,
Deemools soten mer dach, kommt
mir huelen den Tram.
Den Tram war
männlech, mee haut ass hien eng Madame.
Luxtram seet:
“Die Tram fährt”, dann “un tram pour la ville”.
Den
Péckvillchen fäert dat wär dees Gudden ze vill,
Dir wësst jo
den Péckvillchen ass een Philolog,
Hien schreift
jo vill Monolog op sengem Blog.
Abbé, Dir
gesitt dach, eis Sprooch huet changéiert,
Den Accent
gouf mëll and d’ Grammaire massakréiert.
“Ësch
erënneren mësch” seet een op RTL,
“Maestro”
seet mäin Noper, “dat ass sech den fröhlich Well”.
Das macht die
Gewohnheit, die Macht der Gewohnheit,
Die, der,
das, dem, den gëtt duercherneen gehait,
Meng Nopesch
d’ Tram Van Nguyen ass eng richteg Dame,
Och Sie seet:
“komm d’ Péckvillchen mat mech an déi schéin Tram.”
An mäin
Schwoer jodelt: “In d’r Schwyz hei mer das Trämli”
An den
Juncker seet: “Dat reimt jo mat die Pflümli!”
An iwwerhaapt
huet hien nie keng Tram gewollt,
Well déi, oder
dien ass jo ëmmer nëmmen hallef voll.
401.811,5
Leit schwëtzen dat neit Lëtzebuergesch,
Nach een klengen
Hoff dann klengt et wéi Daitsch,
Dann sinn mer
zu 90 Milliounen mat eiser Sprooch,
“O wéi süß”
sot die Ramponi an das UNESCO.
Dann gëtt Lëtzebuergesch
an der Kommissioun geschwat,
An et gëtt an
all déi aner Sproochen iwwersat.
An mir sangen
op d’ Weis vun die Tram die rallala,
Op der Wies’n
zesummen mat das Angela.