Showing posts with label Asselborn. Show all posts
Showing posts with label Asselborn. Show all posts

Tuesday, July 14, 2020

De Jang war beim Freud wéint enger Röschütt

Ass dat do den Peckvillchen?














De Jang war beim Freud wéint enger Röschütt

D’ lescht Joer zu Wien, Dir erënnert Iech dat nach,
Hat den Jang dem Freud Therapies Stonnen versprach.
Hien gouf dunn vun der Madame Doktor Kopeinig gepéngegt, (1)
Well en hätt jo mat “Tjö, Merde Alors” gesëndegt.

Den Jang hat deemools dat Blot vun der Donau geflucht,
An elo eng Röschütt! Hien ass beim Dr Freud gebucht.
Wéi deemools stinn d’ Tierken schonn rëm virun Wien,
De Jang krut et un sech wéi d’ lescht an Cisjordanien.

“Ou! Jang Du bass dach soss nit eleng, wou sinn déi aner?”
Sot den Freud vun uewen op sengem Lipizzaner.
“Ja, ja, heuer reise Ich just mit méin Reisebengel”
“Und Ich komme just elo von Konstantinopel”.

“Ech war dohin kucken wéint der Hagia Sophia,
An dunn op Wien fir meng Hagiografie vum Margaretha.”
“Mmhm”, sot dunn de Freud, “schwëtz roueg virun,
Ziel mer all deng Gefiller schéin vun Ufank un.”

“T’ geet un mam Moses an Israel wann Dir mech frot.”
“Ech kennen meng Geschicht” huet dunn den Freud gesot.
“Ziel mer vun dengen Kanner Joeren zu Stengefort,
Vum Ausseminister an dem Lëtzebuerger Wort”.

“Schonn fréi hunn Ech an der Bibel iwwert Israel geléiert,
Den Paschtouer sot déi hunn dat ganzt Hellegt Land annexéiert,
Sou gouf eis all als Kanner schonn de freien Geescht jo ginn,
Ech hunn dien mat mer geschleeft bis an d’ UNO hin.”

“Wéi Ech am leschten Joerhonnert Ausseminister gouf,
Do war den Khomeini grad nach een klengen Bouf.
Deemools waren wéinstens nach d’ Grenzen op.
Haut kann een nach just bis op Nennig op d’ Kopp.”

“Amplaz dem Ventoux ginn Ech an den Habschter Bierg,
Dann vläicht nach een Tour em d’ Sëller Kierch.
Meng Flüchtlingen muss Ech am Katalog bestellen,
Mee et sinn nëmmen Kanner mat Bäert déi sech mellen.”

“Souguer den Xav dien hätt den Kattors J
Mam Macron d’ Parad gekuckt mat den Legionären,
Wéi se am Schiertech d’ Champs Elysees era kommen,
Mam Sousaphon, v’là du boudin an mat den Trommen.”

“O Dokter een Ausseminister dien muss dobannen bleiwen,
Dat ass eng Schmoot déi ass guer nit ze beschreiwen.
An dann kennt dat Paulette an den Sondagen vun hannen,
An iwwerhëlt mech och nach, wéi den Jang de Blannen!”

“Nit genuch domat, Ech ginn rosen wéi eng Bei,
Wann Ech Zollidaritéit gesinn mat der Regierung hei.
Wir anderen in Luxemburg wëllen zwar bleiwen wat mir sinn.
Mee Ech hätt gär dass d’ Éisterräicher wéi d’ Lëtzebuerger ginn.”

“Mir mussen do awer weider drun schaffen” huet dunn den Freud gesot,
“Am beschten wann d’ Grenzen rëm op sinn wann Dir mech frot.
Dat méich 250 Euro, mee Ech hunn kuerz mam Kurz geschwat,
Dien sot dat kascht hien just den Euro-Gramegna, dann ass déi Saach gehat!”

“Ciö, merda allora” huet dunn den Salvini gesot,
“Ech ginn di Jang an di Gramegna een gudden Rot!
Commento iwwer Austria, Israel, Ungheria ma non troppo,
Soss ginn et der iwwerall an der Welt op den Poppo!”

Doheem am Conseil dien jo vum SREL gelauschtert gëtt,
Sot een “dat geet elo duer mee wien seet him et?”
“Ech kann nit, Ech muss mam Paulette een Briefing ginn,
Et misst een vun senger eegener Partei dat sinn!”

“Dat ass awer e bësschen beschwéiert Ech fäerten,
Een Mann an sengem Alter léist een einfach gewäerden,
Trotz roudem Krounen Virus maachen mer d’ Grenz rëm op,
A fort e geet dann reegt en hei keen méi op.


(1)D‘ Rapporten vun der Therapie ze kafen an allen exzellenten Librairien, an well déi jo zou sinn, einfach bei Amazon.com:https://www.amazon.de/Merde-alors-Asselborn-politische-Biografie/dp/3707607119
Margaretha Kopeinig: Merde alors! 




Wednesday, February 15, 2012

Myanmar ass bal eppes wéi Florida wat géing a Burma leien.


Ass dat do ee Peckvillchen? Nee, dat ass ee wellen Untert. Photo: ET

Eisen Ausseminister ass op Rees.
Hien wollt mech bestëmmt besichen kommen.
Hien sicht no engem Thein, an dréint am Krees,
Fir sech an Asien ze verrennen.

T' ass awer egal, t' gouf keng Zäit verluer.
A Burma gesouch hien den U Thein Sein.
Lëtzebuerg schéckt lo een Botschafter duer,
An domadder war den U Thein Sein fein.

Florida muss waarden op säin Besuch.
T' ass Schued, hei kann een schéin Vëlo fueren.
Ech maachen och Téi an Zitrounen Kuch,
Mee all Mënsch versteet, mir mussen spueren.

Wednesday, December 7, 2011

Den Asselborn ass ee Knéckjang!


“Schon wieder eine Goldene!”






Ass dat do een Péckvillchen? Nee, dat ass een Knéckvillchen. Oder eng Egrette. Photo ET.


Den Ausseminister ass ee Knéckjang,

Hien dréint all Sou grad wéi dien leschten Frang.

Knapps zwou an eng hallef Millioun Euro,

Geheit hien dem Afghanistan lo no.


T ‘ass manner Geld wéi eng Prise Heroin.

D’ Marie-Josée hätt deenen vill méi ginn!

Trotz deem Geknécks, ass eppes wat mech tréischt,

Mat deem Don sinn mir nach ëmmer déi éischt!


Saturday, September 24, 2011

Lëtzebuerger Sondagen



Spigelchen, Spigelchen un der Wand,
Wien sinn déi flottst Ministeren am Land?
Dat sinn dräi Hären dat wësst Dir all,
An d' Dammen sinn all duerchgefall.

Dien éischten ass vir an bleift och do,
All déi aner kommen deem nit no.
Obschonn déi zwéin nächst sech och net ginn,
Bis mer Séi um ZDF gesinn.

Ech sinn fir den Schmit an d' Octavie,
Well déi aner dräi gesäit een nie.
Déi zwee sinn déi leescht, d' ass fir ze laachen!
Et sinn just déi, déi d' Aarbecht maachen.

Déi aner dräi déi sinn jo nie do,
Dien een dien danzt mat der PLO,
Dien do mat Katareschen Fongen,
Hien selwer mat griicheschen Stongen.

An duerfir ass d' Moral vun der Geschicht:
Gitt an d' Ausland wou keen Iech sicht.
Dann op ZDF an spillt den Här,
Dat mécht Iech doheem sou populär.