Tuesday, August 11, 2026

Déi zweet-lescht Nouvellen vun der Gare Lëtzebuerg: alles ënner Kontroll!

Operatioun Epic Gare


Déi zweet-lescht Nouvellen vun der Gare Lëtzebuerg: alles ënner Kontroll!

 

Vun der Avenue Montenegro hier iwwert d’Al Bréck,

Koum een Kommando vun zwee, mat vill Geschéck!

D’Missioun war ëmm d’Gare een Perimeter ze halen,

Ronderëm awer bléiw alles beim Alen.

 

D’Lydie, mat klengen Schrëtt séchert d’Flank,

Den Sheriff Noel Golden ganz grouss an schlank,

Vun héich uewen garantéiert hien d’ Loft Superioritéit,

Mee fir Schrëtt an Trëtt ass d’Lydie d’Autoritéit.

 

Den Sheriff huet laut Reglement een Korsseli un,

Modell LuxGov, Sabbelduch vir, keng Jartellen drun. 

D’Jartellen sinn zwar praktesch fir Handgranaten ze droen,

Mee beim Garer Kommando misst een dat jo hannerfroen.

 

D’Lydie dréit eng modest Hälsi vun Victoria’s Secret,

Hat sot: ”Nee, keen Helm, keng Gasmask, vergiess et!”

Do huet den Sheriff an sengem Panzer eng Grimmel gemotzt,

Mee d’Haaptsaach, den Garer Quartier gëtt gebotzt.

 

Den Sheriff huet soss alles beieneen: een Revolver,

Smith an Wesson, genuch Munitioun, an och Polfer.

An der Aler Avenue sinn d’Leit op den aneren Trottoir gaang,

D’Grouss Botz hat emol iwwerhaapt nach nit ugefaang.

 

An d’Kanner loossen hiren Kaffi stoen,

Fir den daperen Kommandoen nozegoen.

Haut streiken d’Fransousen, d’ Gare ass eidel.

“Ma”, sot d’Lydie, “t’stoung awer näischt am Reider!”

 

“Jempi One, Jempi One, hei ass Jempi Two, sie kommen”.

Sot den Police Radio. “Jempi Two hei ass Jempi One,

Looss se roueg kommen, d’Heescherten sinn am Zuch op Ëlwen,

Den Zuch kascht näischt, den Perimeter hält, an den Owend sinn se all rëm hei.”


Monday, June 1, 2026

Meng Ried fir d’Lag vun der Natioun 2026: Mateneen, Fireneen, Zesummen!

 

Scwéier Zaiten, Zesummen, Mateneen an Hannereneen.










Meng Ried fir d’Lag vun der Natioun 2026: 

Mateneen, Fireneen, Zesummen!

Nowuert, Nieweneen an Noeneen mat der laanger Ried iwwert d’Lag vun der Natioun.



Léif Jiddereen,

Mir sinn haut jo esou feierlech Beieneen,

Déi meescht koumen mat hiren Déngschtween,

E puer vun Iech koumen Zesummen, Mateneen,

Vun Palzem, Gantenbeen, an vun Wellesteen.

 

Elo sinn mer sou schéin Ënnereneen,

Kommt, mir huelen d’Lag vun der Natioun Auserneen!

Wat war dat an der Zäit een Duercherneen,         

D’Leit goungen Uneneen an Géinteneen.      

 

Mir hunn Geld gewäsch bei Sonn an Reen,

Gedeessems, Streit, Openeen an Noeneen,

Nitt vergiessen d’Affär mam Bomme leeën,

Dat war jo keen, geknuppt huet et Ounieen.

 

Richteg, Caritas ass jo nëmmen Latäin,

Eisereen stoung do iwwerhaapt nitt am Reen.

Do derhannert gesäit souwisou keen Schwäin!

Et ass wéi mat den Suen fir an d’Ukrain.

 

Dat Openeen, Géinteneen, an Widdereneen,

Bréngt an schwéierer Zäit Jenni an Menni Auserneen.

Mee Jenni an Menni ass nach laang nitt Jiddereen!

Mir stinn mam Chef “Zesummen, Mateneen, Fireneen!”

 

An duerfir huet een eng Tripartite, an déi huet dräi Been.

Um dräieckegen Dësch sëtzen se all Nieweneen,

Keen Hannereneen, keen Viruneen, an keen Iwwereneen.

Fir Zesummen, Mateneen, d’Uelzecht ze summen.

 

Mir hunn keen Su, mir drécken den Mindestloun Aneneen,

“Méi Arméi kascht och méi”, sot deen vu Liechtensteen,

D’ Kanonéier op der Rumm sinn sou voller Scholden,

Dass se aus der NATO fléien, dees den Index bréngt besser Solden!

 

Een neien Luc huet bekanntlech jo keng Vergaangenheet,

Nëmmen een Avenir deen jo an der Zukunft läit.

An Noeneen, an Noeneen, kann een den Passé vergiessen,

Fir Zesummen, Mateneen, ze gesinn op d’Beem an den Himmel wuessen.