Monday, March 30, 2015

Wat eigentlech fabrizéiert eng Kierchefabrik?


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een Kierchhunn. Photo Opus Dei























Wat eigentlech fabrizéiert eng Kierchefabrik?

Fir eng Äntwert, stellen mer eis emol ganz domm,
An ginn op Veianen, do läit d‘ Heck an der Kromm.
Do gouf gemuerkst op den Bietstill fir nach méi Cash,
Nit nëmmen schwaarz Séilen, mee och Cash gouf gewäsch.

Déi  Kierchefabrik ass eng richteg Denkfabrik,
Well do denkt den Dechen mat senger schwaarzer Clique:
“Kommt mir bauen eng Féckmillchen mat schwaarzem Geld,
Mir klauen dem Caesar säint Geld, t’ regéiert d’ Welt!”

Schéin gepriedegt, mee der Däiwel an der Sakristei,
Do gëtt den Afferstack opgebrach fir an d’ Pei.
Elo schneiden d’ Pafefrësser awer schéin Schnësser,
Well se all goufen gebiischt vun deenen Steierfrësser.

Dir wäert gesinn, hei kritt keen d’ Klacken gelaut,
Well d’ Gemeng huet nëmmen geaffert, t’ gouf näischt geklaut.
An esou bleift d’ Kierch am Duerf mat sengen Fabrikanten,
Mam Priedegtstull, Beichtstull, an den Ministranten.


Well t’ gëtt jo nach guer keng Trennung vun Kierch an Staat,
Esou hunn Ech alt d’ Referendumsfroen iwwersat.
An fir Veianen ass dat nach laang keng haart Noss,
Well elo gëtt jo schonn op Schoolleaks geschoss.

Vum Kierchtuerm jäitzt “Skandal” den Hunn an den Iesel,
Et wär elo een “Point de Presse” fir all Quisel:
“Mat Examensleaks verhanselt keen den Eyschen,
An d’ Hansen léisst sech och nit vermeischen!”


Ite, missa est




Tuesday, March 24, 2015

Hopp, a lass! Alles an den Werteunterricht!


Ass dat den Peckvillchen?
Nee dien do weess d' Examensfroen!
Photo: GovEdu
























Hopp, a lass! Alles an den Werteunterricht!

An der Zäit, näischt geleiert? Dann gouf getuddelt!
T’ gouf eng Datz. An haut? Do gëtt einfach gefuddelt!
Proffen an Kanner knäipen Examensfroen,
Pappen an Mammen hunn näischt dergéint ze soen.

Dat léiert een alles am Werteunterricht,
Dat ass keen Béchsfach, keen Péckvillchen Gedicht.
Ma jëmmen nee, do léiert een d’ Werter vun haut,
An wichteg Spréchwierder wei : Een dien litt, dien klaut.

Wéi een Dokter verschreift Iech gär eng Fréipensioun,
Wéi mécht een Geldwäsch an Steieroptimatioun?
An wéi wär et mat enger frauduléiser Faillite ?
Oder een Stage wéi een Steieren hannerzitt?

Am Nation Branding  sinn mer fir Schwaarzgeld bekannt,
Rulingen an Justizparadies kennt all Kand.
Werteunterricht dréint sech em Versteierung,
Steierhannerzéiung ass och eng Erzéiung.  



Sunday, March 22, 2015

We’i den Schneider dem Braz d’Leviten liesen geet


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass een maskéierten Abriecher. 
Photo LuxPolDep
















We’i den Schneider dem Braz d’Leviten liesen geet

Zu Lëtzebuerg gëtt elo souvill agebrach,
Am beschten léisst een keen Schlëssel am Schlëssellach.
Dann man se engem wéinstens d’ fiischt Dir nit futti!
T’ sot een der Deeg t’ wär eng Band vun Multikulti!

T’ freet een sech, wéi geet dat do dann elo weider?
Well déi Raiber waren agebrach beim Schneider!
Déi wëssen dat do ass een zougänglechen Mann,
Och wann hien nit do ass, t’ kennt een awer eran.

Gleeft mer, déi Drëps do schléit dem Faass den Buedem an,
Vun elo un wäerten mer Käpp mat Neel erëm man.
Mir ginn, wéi soss, een Land vun Gesetz an Uerdnung!
“Jo,” sot den Braz, “t’ geet erëm Fouss, Panz, Kullang!”

Den Péckvillchen seet, Här Minister, Exzellenz,
Wéini kréien den Maybolli der dann emol laanscht Pänz?
Keen Enn, no zwielef Joer Geriichtsaffairen,
T’ gesäit aus wéi wann mer zu Brazzaville wären!




Thursday, March 12, 2015

Den Péckvillchen weess wou den Putin ass!


Ass dat do den Péckvillchen? 
Ma nee, dat ass den Storch Stolichnaya. 
Photo BBBB




















Den Péckvillchen weess wou den Putin ass!

“Wou ass den Putin?” freet d’ Welt ganz opgereegt.
Well zu Moskau näischt sech méi ëm hien beweegt.
Et sinn der déi soen hien wär an der Ukraine!
Oder bei ISIS? Wou ass en? Dat weess keen Schwäin!

Mee den Péckvillchen huet do alt méi Iwwersiicht.
T‘ war alt erëm den Juncker, dien huet eng gestiicht.
Well dien sot hien hätt gär eng Europa Arméi,
Dann zéien mer den Putin gutt iwwert den Knéi!

„O jo mat der Schnëss“ huet dunn den Putin gesot,
Du Spréif dees mech nit fäerten, dien hei war Zaldot!
Amplaz Krich fuerdren Ech Dech zum Duell eraus,
Du hues den Choix vun den Waffen, Du Micky Maus.“

„Gutt“ sot den Juncker, „d‘ Wahl ass Vodka aus der Strenz,
Torse nu an och d’ Pänz, eleng wéint der Transparenz.“
An den Juncker huet den Putin déif an d‘ Aen gekuckt.
Déi zwéin hunn Strenz iwwer Strenz voll Vodka geschluppt.

No e puer Eemeren vun deem Stolichnaya,
Wackelen eis Duellisten an em sie d‘ Gebaier,
Fir den Juncker war den Putin een klenge Fësch:
Dien leet nach aacht Deeg am Kreml ënnert dem Dësch.