![]() |
| Scwéier Zaiten, Zesummen, Mateneen an Hannereneen. |
Meng Ried fir d’Lag vun der Natioun 2026:
Mateneen,
Fireneen, Zesummen!
Nowuert, Nieweneen an Noeneen mat der laanger Ried
iwwert d’Lag vun der Natioun.
Léif Jiddereen,
Mir sinn haut
jo esou feierlech Beieneen,
Déi meescht
koumen mat hiren Déngschtween,
E puer vun
Iech koumen Zesummen, Mateneen,
Vun Palzem, Gantenbeen,
an vun Wellesteen.
Elo sinn mer
sou schéin Ënnereneen,
Kommt, mir
huelen d’Lag vun der Natioun Auserneen!
Wat war dat
an der Zäit een Duercherneen,
D’Leit
goungen Uneneen an Géinteneen.
Mir hunn Geld
gewäsch bei Sonn an Reen,
Gedeessems,
Streit, Openeen an Noeneen,
Nitt
vergiessen d’Affär mam Bomme leeën,
Dat war jo
keen, geknuppt huet et Ounieen.
Richteg,
Caritas ass jo nëmmen Latäin,
Eisereen
stoung do iwwerhaapt nitt am Reen.
Do derhannert
gesäit souwisou keen Schwäin!
Et ass wéi
mat den Suen fir an d’Ukrain.
Dat Openeen,
Géinteneen, an Widdereneen,
Bréngt an
schwéierer Zäit Jenni an Menni Auserneen.
Mee Jenni an
Menni ass nach laang nitt Jiddereen!
Mir stinn mam
Chef “Zesummen, Mateneen, Fireneen!”
An duerfir
huet een eng Tripartite, an déi huet dräi Been.
Um
dräieckegen Dësch sëtzen se all Nieweneen,
Keen
Hannereneen, keen Viruneen, an keen Iwwereneen.
Fir Zesummen,
Mateneen, d’Uelzecht ze summen.
Mir hunn keen
Su, mir drécken den Mindestloun Aneneen,
“Méi Arméi
kascht och méi”, sot deen vu Liechtensteen,
D’ Kanonéier op
der Rumm sinn sou voller Scholden,
Dass se aus
der NATO fléien, dees den Index bréngt besser Solden!
Een neien Luc
huet bekanntlech jo keng Vergaangenheet,
Nëmmen een
Avenir deen jo an der Zukunft läit.
An Noeneen,
an Noeneen, kann een den Passé vergiessen,
Fir Zesummen,
Mateneen, ze gesinn op d’Beem an den Himmel wuessen.


No comments:
Post a Comment