![]() |
| Ass dat do den Peckvillchen? |

Dësen Blog, Peckvillchen.blogspot.com, lieft am Zesummenhank mat zwéin aneren: - Egidethein.blogspot.com, meeschtens op Englesch, - Feierwon.blogspot.com, meeschtens op Franséisch, De Peckvillchen ass scho bal eent mythologescht Deier an der Lëtzebuerger Geschicht. Dem Peckvillchen séin Blog mécht Saachen déi lächerlech sinn lächerlech, an schwëtzt sérieux wann et em ee Problem geet. Vill Spaass an Eescht.
![]() |
| Ass dat do den Peckvillchen? |

Ass dat do den Péckvillchen? Nee dat ass een Anhinga an der "Ite missa est" Positioun. Photo ET.
De Schmit ass schwäiwëll, hien schneit eng schéin Schnëss,
Well dëser Deeg krut hien eng an t’ Gebëss.
Am Café de l’ Église zu Diddeleng
Gouf de Schneider gewielt, mee déi Plaz war seng.
An deem Café zesummen waren den Heng,
Den Néckel, den Kloos an Jucken Jeng,
Wéi eis Konstitutioun et virgesäit,
Fir’ m Schneider seng Ministrabilitéit.
An zu Naples um Golf vun Mexiko,
Waren all d ‘Wieler vum Péckvillchen do.
Et hunn gewielt: d’ Direktioun, d’ Redaktioun,
D’ Administratioun and souguer d’ Receptioun.
Déi all hunn mech eestëmmeg gewielt,
Well jiddereen am Ländchen op mech zielt!
Elo hunn mir laut eiser Konstitutioun,
Eng komplett nohalteg Situatioun.
Well kee Schwäin weess wat nohalteg ass,
Ass d’ Situatioun alt wat se ass.
De Poopst gouf geruff fir do ze tranchéieren,
An eis Zwéin z’ evangeliséieren :
“Den Schneider dien schoustert hei am Osten,
De Péckvillchen pléckt sech dann de Westen.
Elo ass et kloer dat et esou muss sinn!
Den Krecké muss duerch zwéin Mann ersat ginn.”
Ass dat do ee Peloton Péckvillercher? Nee dat sinn Pelikanen. Photo ET.
Den Andy ass mat honnert duerch Hesper gewutscht,
An iwwerhëlt do d' Police flang an hirer Kutsch!
Du sot den Superjhemp, "dat do war lo fir d' lescht!
Lo kritt dien do'n ee gudden fatzegen opgepecht."
Refrain:
Op d' Weis vum Tra Giro Lala
Op d' Weis vum Tra Giro Lala
Op d' Weis vum Tra Giri Giro Lalala.
Den Andy um Geriicht mat sengem Affekot,
Dien sot hien hätt gesot, léiwer géing näischt gesot.
De Riichter lauschtert no, an verzitt guer keng Minn.
Dien hat nach nie ee Schleek dien esou rennt gesinn!
Refrain
De Riichter sot: "mäi Jong, dat Gerenns geet lo duer!
Fir déi nächst sechs Méint war' s De lo fir d' lescht gefuer."
"Här Riichter, keen Führerschäin, sot Dir dat am Geck?
Dann fiert keen Schleck am Giro", sou sot dunn de Schleck.
Refrain
Ass dat do den Péckvillchen? Ma nee, dat ass dem Renert saïn Mononk. Photo ET Trennung vun der Juegd an vum Renert T’ war sou...