Sunday, February 20, 2011

Ee fréieren Minister wiesselt d' Vollek.


Oder: Ëmgedréint ass och gefuer!

Lëtzebuerg hat ee schwaarzen Krichsminister,
Bei deem ass alles verkéiert gelaf!
Seng Geschicht gouf ëmmer méi sinister,
D' Wieler huelen jo näischt esou a Kaf.

Hien huet als Éischten géint d' Arméi geputscht,
Normalerweis ass dat jo ëmgedréint!
Mee hien huet ouni Minn säin Daum gelutscht,
Nom Ries huet jo keen Hunn méi gekréint!

De Ries souz am Bunker a gouf keng Rou.
D' Affaire déi mécht esou vill Kaméidi,
Eisen fréieren Minister seet duerzou,
"D' Vollek versteet näischt, wat soll dien Zodi !"

Ganz eleng mécht hien eng Demonstratioun,
"Ech wär mengem Vollek gär lass" jäitzt en!
"Dir sidd mir eng terribel Frustratioun!"
T' war ëmgekéiert wéi an Egypten.

Ee Putsch geet dien vun ënnen no uewen?
Ee Mann eleng ass keng Demonstratioun?
Wann dat esou ass, loosst Iech begruewen,
Ech hätt gär meng Afrikanisatioun!

Hien sot: "Ech këmmeren mech elo em Afrika",
De Bwana Tzilsch schwëtzt Verlan mam Bongo!
Afrika heescht vun 'lo un Kafria.
An den Tintin heescht Nitnit am Congo!"

Eisen Bwana putscht elo géint schwaarz Genereel,
Hien schéckt Lëtzebuerg Entwécklungshëllef.
Hien mécht elo nëmmen méi Käpp mat Neel.
An d' Rotkäppchen frësst souguer den Wollef.


Saturday, February 19, 2011

De Staatsrot ass eng Putinokratie


De Lëtzebuerger Staatsrot ass jo bekanntlech net gewielt. Et gouf erëm een neien Member désignéiert. Wéi dat dann sou geet, gëtt dat ausgekuddelmuddelt zwëschen deenen déi schonn un der Muecht sinn. Ee Club vun Treien also. Hei ass d' Rezept, op d' Weis vum Dies irea, dies illa:


Dir een, mir een an och him een!

An deem doten och alt nach een.

All déi aner déi brauchen keen.



Monday, February 7, 2011

Juch-hee, juch-hee op d'Rees!


Een lëtzebuerger Vollekslidd inspiréiert vun eisen Ministeren hiren Reesen, wéi mir se vun enger parlamentarescher Fro kennen geleiert hunn.

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Mir fléien nëmmen éischt Klass,

Mir sinn vum Lämmes gebass!

Flitt mat et gëtt vill Freed,

Juch-hee, alles op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Vergiesst den Schiltz, Ries a Schmit,

Mir sinn déi Gesellen midd,

Héich hei uewen dat ass méi Freed,

Juch-hee, an fort hien geet!


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

De Jang jickt t' ass ee Genoss,

Den Hansli lescht säin Verdross,

Dat alles schléit schéin an t' Kees,

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

A wat ass dann elo nees?

Wien geséich gär eis Rechnung?

Wat steet do an der Zeitung?

Dat alles schléit an t' Kees?

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Hei dann fir dass de 't weess:

Bei der Luxaviation,

Knacken mir Dom Perignon,

D' Hostess kritt eng Bees,

Juch-hee, mir ginn op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees!

Wann 's De anstänneg frees,

Hëlt d' Belsch Militär Dech mat.

Gitt de Jongen dann ee Patt,

Eng Fritt mat Mayonnaise,

Juch-hee, mir ginn op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Ech hat elo bal vergiess,

Sou eng Rees déi mécht ee midd!

Huelt Iech dann eng Junior Suite.

Dreemt schéin vum Mercedes!

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Juch-hee, wann 's De net geess!

D'Marie-Josee mat Genoss,

Flitt éischt Klass an de Laos,

dann Cap Vert mat der Kees,

Juch-hee, kommt mat op d’ Rees!


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

T' ass alles am Vergiess!

D'Cynthia Stroum kritt all d' schlecht Press,

Wéint enger neier Mattress!

Dat géif et nie bei eis!

Juch-hee, juch-hee op d’ Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Mir hunn zwar epps um Häerz!

Zenter kee Concorde méi flitt,

Hunn séi eis an d' éischt Klass ran kritt.

OK, mee Du verstees,

Dat ass méi eng laang Rees.


Juch-hee, juch-hee op d’ Rees,

Wéi gutt ass et dass Ech weess:

Mir kréien och ee Fliger.

Da fléien eis brav Krieger

Selwer bis op Paräis.

Juch-hee, dat gëtt eng Rees!