Tuesday, February 14, 2012

Wann et dem Iesel ze gutt geet, dann geet en op d' Äis danzen

             
                 Ass  dat do een Péckvillchen? Ma jëmmen a gewëss! Dat ass een Storch. Photo: ET



Zu Réiser um Äis, um Mille Weier, (1)
Huet laut dem Wort gëscht een Iesel gedanzt.
Fir den Iesel war et sou eng Feier,
Well hien hat grad do säin Bonus verschanzt.

Op eemol kréckelt et, t' gouf ee Kraachert!
Den Iesel struewelt op den véier Been,
A fält op d' Panz duerch d'  Äis an t' kaalt Waasser.
D' Pompjeeën koumen gerannt mat sechs Ween.

Den Iesel am Äis huet gutt geziddert.
"Wat sinn Ech een Ochs!" huet en gesouert,
"Ech gouf ze laang vill ze gutt gefiddert,
D' Topegkeet huet mech op d' Äis gefouert!"

Um Piraeus steet besuergt den Plato,
Den Här Euro ass do Schlittschong gefuer.
Genau wéi de Jang hannert der UNO,
Well d' East River do war och zougefruer.

Op eemol kréckelt et an och kraacht et,
Déi zwéin struewelen fir d' Riicht ze halen.
D' lescht Bild wat se gesinn, Dir gleeft et net!

No comments:

Post a Comment