Monday, March 26, 2012

Gesicht: een Eurolog fir Mössjö Euro


Ass dat do den Péckvillchen? 
Nee, et ass een bloen Heron dien kuckt nom Här Euro. Photo ET.



Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bei d' Langobarden,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Monti dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bis ënnert d' Lannen,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Schäuble dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien goung bis op Man Hannen,
Fir een Successeur ze fannen,
Mee de Jyrki dien sot Nee.

Ech weess dass D' et scho weess,
De Juncker goung op d' Rees,
Hien sicht wéi Jang de Blannen,
Kann keen Ramplassang fannen,
Alleguer soten Nee.

T' bleift een vun deem Ech weess,
Fir dien brauch een keng Rees,
Well dien ass doheem ze fannen,
Dien fënnt souguer ee Blannen,
De Frieden! Seet dien Nee?

Ech weess den JC weess,
Hien brauch am Fong keng Rees!
Hien kann sech jo selwer fannen,
An dann an d' Belsch verschwannen,
Den Frieden seet nit Nee!

No comments:

Post a Comment