| Operatioun Epic Gare |
Déi zweet-lescht Nouvellen vun der Gare Lëtzebuerg: alles ënner Kontroll!
Vun der Avenue Montenegro hier iwwert d’Al Bréck,
Koum een Kommando vun zwee, mat vill Geschéck!
D’Missioun war ëmm d’Gare een Perimeter ze halen,
Ronderëm awer bléiw alles beim Alen.
D’Lydie, mat klengen Schrëtt séchert d’Flank,
Den Sheriff Noel Golden ganz grouss an schlank,
Vun héich uewen garantéiert hien d’ Loft Superioritéit,
Mee fir Schrëtt an Trëtt ass d’Lydie d’Autoritéit.
Den Sheriff huet laut Reglement een Korsseli un,
Modell LuxGov, Sabbelduch vir, keng Jartellen drun.
D’Jartellen sinn zwar praktesch fir Handgranaten ze
droen,
Mee beim Garer Kommando misst een dat jo hannerfroen.
D’Lydie dréit eng modest Hälsi vun Victoria’s Secret,
Hat sot: ”Nee, keen Helm, keng Gasmask, vergiess et!”
Do huet den Sheriff an sengem Panzer eng Grimmel
gemotzt,
Mee d’Haaptsaach, den Garer Quartier gëtt gebotzt.
Den Sheriff huet soss alles beieneen: een Revolver,
Smith an Wesson, genuch Munitioun, an och Polfer.
An der Aler Avenue sinn d’Leit op den aneren Trottoir gaang,
D’Grouss Botz hat emol iwwerhaapt nach nit ugefaang.
An d’Kanner loossen hiren Kaffi stoen,
Fir den daperen Kommandoen nozegoen.
Haut streiken d’Fransousen, d’ Gare ass eidel.
“Ma”, sot d’Lydie, “t’stoung awer näischt am Reider!”
“Jempi One, Jempi One, hei ass Jempi Two, sie kommen”.
Sot den Police Radio. “Jempi Two hei ass Jempi One,
Looss se roueg kommen, d’Heescherten sinn am Zuch op Ëlwen,
Den Zuch kascht näischt, den Perimeter hält, an den
Owend sinn se all rëm hei.”
